De Beräich vun de Krankentransporter misst d‘urgence reforméiert ginn, mee de Gesetzesprojet wier elo schonn iwwert e Joer beim Staatsrot blockéiert. Et géif zum Beispill u Qualitéitsstandarde feele bei de Gefierer, keng kloer Reegele fir Hygiène an Ausstattung, d‘Personal wier net adequat forméiert, d‘Präisser wieren net eenheetlech an dacks iwwerhéicht an et géife keng Kontrolle ginn.
D‘Patientevertriedung fuerdert eenheetlech Qualitéitsstandarden, eng transparent Tarifpolitik an d‘Schafung vun enger Plaz, wou ee Reklamatioune kann areechen.