arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'USA lancéieren an der néngter Nuecht hannereneen Attacken op den Iran

Noen Osten

|
reading time

1 min

D'USA lancéieren an der néngter Nuecht hannereneen Attacken op den Iran

Déi amerikanesch Attacken op den Iran gi virun. Fir déi néngten Nuecht hannereneen hunn d'USA nees Ziler am Iran ugegraff. Viséiert waren der amerikanescher Arméi no iranesch Militär-Kommando-Zentralen, Kommunikatiounsnetzer a Systemer, fir Rakéiten a Dronen ze lancéieren.

reading time

1 min

© EPA/ABEDIN TAHERKENAREH
(Foto: EPA/ABEDIN TAHERKENAREH)

Mat dësen Attacke sollen dem Iran seng Capacitéite fir Schëffer an der Mieresstrooss vun Hormus unzegräife weider reduzéiert ginn, esou den amerikaneschen Zentral-Kommando fir de Mëttleren Osten op X. 

Iran: Mieresstrooss wier net sécher 

Déi iranesch Revolutiounsgardë sote si hätte Géigenattacken op amerikanesch Militärfligeren a Jordanie lancéiert.

Si sote weider, datt si zwee Transportschëffer am Hormus-Passage ugegraff a gestoppt hätten, a hu gewarnt, de Passage wier net sécher. Den Iran géif kee Schëff duerchloossen esou laang d‘USA mat hiren Ugrëff géint den Iran weidermaachen.