arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ US-Regierung freet 88 Milliarden Dollar bei Kongress ë. a. fir de Krich am Iran

USA

|
reading time

1 min

US-Regierung freet 88 Milliarden Dollar bei Kongress ë. a. fir de Krich am Iran

Déi US-amerikanesch Regierung freet de Kongress ëm eng Finanzenveloppe an Héicht vun 88 Milliarden Dollar, den Haaptdeel dovunner soll fir de Finanzement vum Krich am Iran genotzt ginn a fir nees Munitioun ze produzéieren.

reading time

1 min

© EPA/GRAEME SLOAN
(Foto: EPA/GRAEME SLOAN)

D‘Attacken op den Iran haten e groussen Deel vum US-amerikanesche Waffestock verbraucht.

E weideren Deel vum Geld soll un d‘Landwirtschaft goen an un d‘Bekämpfung vun der Ebola-Epidemie an Afrika. Am Kongress muss d‘Wäisst Haus allerdéngs mat grousser Skepsis rechnen, vun den Demokraten heescht et, et wéilt een der Trump Administratioun kee Blankoscheck ausstellen.

Den Trump selwer hat gëschter eréischt e Gesetz blockéiert, dat seng Majoritéit am Kongress scho gestëmmt hat. Et geet ëm e Gesetz, mat deem Finanzhëllefen am Beräich Logement accordéiert ginn.

Deemno wéilt den Trump den Text just ënnerschreiwen, wa säi Save-America-Act ugeholl gëtt. Dee gesäit vir, datt Leit fir wielen ze kënnen hir Nationalitéit mussen noweisen. E Projet, fir deen hien och an den eege Reie bis elo keng Majoritéit fonnt huet.

250. Anniversaire vun den USA 

Mat Militärmusek, Kampfjet-Demonstratiounen an enger Ried vum US-amerikanesche President Donald Trump war et hënt den Optakt vun de Feierlechkeete fir den 250. Anniversaire vun den USA. De President selwer hat den Optakt gemaach mat enger Ried, an där hie sech selwer a seng Politik gelueft huet.