Radioen

On air

Notturno  |  Art Feynman - All I Can Do

play_arrow Live
search

/ D'USA iwwerleeë fir der Ukrain den Asaz vu Laangstreckerakéiten op russeschem Territoire ze erlaben

Krich an der Ukrain

D'USA iwwerleeë fir der Ukrain den Asaz vu Laangstreckerakéiten op russeschem Territoire ze erlaben

Den US-President Joe Biden huet ugedeit, datt d‘USA bereet sinn, d‘Restriktiounen opzehiewen, fir datt d‘Ukrain och Laangstreckerakéite géint Russland dierft asetzen.

auto_stories

1 min

Atacms | © picture alliance / Photoshot | -
Foto: picture alliance / Photoshot | -

D‘Ukrain fuerdert ëmmer nees, datt Restriktioune fir de Gebrauch vun amerikanesche Waffe méi labber misste gemaach ginn, well d‘Ukrain d‘Hänn gebonnen hätt fir sech géint Russland ze verteidegen. Den Joe Biden huet op Nofro vu Journalisten an den USA gesot, Washington wier am gaangen, en eventuellt Ophiewe vun de Restriktioune fir de Gebrauch vun amerikanesche Laangstreckerakéiten an der Ukrain ze iwwerpréiwen.

Dës Undeitung koum kuerz ier d‘Ausseministeren aus den USA a Groussbritannien haut um Mëttwoch fir eng Visitt an der ukrainescher Haaptstad Kiew erwaart ginn. Si sollen den ukrainesche President Selenskyj begéinen. Washington seet, d‘Zil vun der Visitt wier et ze kucken, wéi d‘Ukrain nach besser kéint ënnerstëtzt ginn.