D‘Ukrain fuerdert ëmmer nees, datt Restriktioune fir de Gebrauch vun amerikanesche Waffe méi labber misste gemaach ginn, well d‘Ukrain d‘Hänn gebonnen hätt fir sech géint Russland ze verteidegen. Den Joe Biden huet op Nofro vu Journalisten an den USA gesot, Washington wier am gaangen, en eventuellt Ophiewe vun de Restriktioune fir de Gebrauch vun amerikanesche Laangstreckerakéiten an der Ukrain ze iwwerpréiwen.
Dës Undeitung koum kuerz ier d‘Ausseministeren aus den USA a Groussbritannien haut um Mëttwoch fir eng Visitt an der ukrainescher Haaptstad Kiew erwaart ginn. Si sollen den ukrainesche President Selenskyj begéinen. Washington seet, d‘Zil vun der Visitt wier et ze kucken, wéi d‘Ukrain nach besser kéint ënnerstëtzt ginn.