arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Spriecherin vum Donald Trump: Militäresch Aktioun a Grönland "ëmmer eng Optioun"

USA

|
headphones

1 min

Spriecherin vum Donald Trump: Militäresch Aktioun a Grönland "ëmmer eng Optioun"

Dem US-President Donald Trump seng Spriecherin sot, Grönland wier e wichtegt aussepolitescht Zil vun den USA, a selbstverständlech hätt de President ëmmer d'Optioun vun engem Militärasaz.

headphones

1 min

Protester zu Kopenhagen géint d'Annektéieren | © EPA/MARTIN SYLVEST DENMARK OUT
Protester zu Kopenhagen géint d'Annektéieren (Foto: EPA/MARTIN SYLVEST DENMARK OUT)

Dës Aussoe koumen nëmmen e puer Stonnen nodeems siwen europäesch Länner gëschter um Dënschdeg an enger gemeinsamer Deklaratioun soten, Grönland géif sengem Vollek gehéieren an nëmmen Dänemark a Grönland kéinten iwwer Grönland decidéieren.

Den Donald Trump hat de leschte Weekend op der Pressekonferenz no der amerikanescher Attack op Venezuela widderholl, d‘USA géife Grönland fir hir national Sécherheet brauchen.