Radioen

On air

Concert  |  E Lëtzebuerger Rising Star: Benjamin Kruithof

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'ULC widderhëlt hir Fuerderungen zum Theema steierlech Entlaaschtungen

No Entrevue mam Gilles roth

D'ULC widderhëlt hir Fuerderungen zum Theema steierlech Entlaaschtungen

De Konsumenteschutz begréisst déi steierlech Entlaaschtungen, déi am Budgetsprojet fir d‘nächst Joer virgesi sinn. Mee déi géifen awer net duer goen.

auto_stories

1 min

© Jo Diseviscourt

D‘ULC hätt sech an de leschte Wochen zwee Mol mam Finanzminister Gilles Roth getraff, wéi et an engem Communiqué heescht, a gefuerdert, datt weider Schrëtt ënnerholl gi fir d‘Kafkraaft vun de Leit nohalteg ze garantéieren an déi sozial Gerechtegkeet ze stäerken.

Virun allem d‘Mëttelschicht an déi kleng Verdénger stéingen ënner Drock. D‘nächst Joer dierft et fir vill Stéit schwiereg ginn, well d‘Energiepräisser an d‘Liewenskäschte klamme wäerten.

De Konsumenteschutz fuerdert dofir méi eng staark Entlaaschtung vun der Klengverdénger an der Mëttelschicht, d‘Aféiere vun engem neie Spëtzesteiersaz, eng automatesch Upassung vun de Steiertabellen un d‘Inflatioun an d‘Aféiere vun engem Null-Steiersaz op liewenswichteg Gidder.