arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Theema Hausaufgabe beschäftegt och d'Enseignantsgewerkschaft

Educatioun

|
headphones

5 min

headphones

4 min

play_arrow

D'Theema Hausaufgabe beschäftegt och d'Enseignantsgewerkschaft

D'Hausaufgabe wieren een Theema, dat verschiddene Famille Suerge mécht, stellt d'Presidentin OGBL-Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft fest. "Déi allermeeschten Enseignanten, déi maachen dat uerdentlech an déi ginn Aufgaben esou, wéi et fir d'Kanner och ze bewältegen ass", esou d'Joëlle Damé.

headphones

5 min

headphones

4 min

play_arrow
D'Theema Hausaufgaben an der Schoul schléit aktuell héich Wellen. | © Adobe Stock
D'Theema Hausaufgaben an der Schoul schléit aktuell héich Wellen. (Foto: Adobe Stock)

Iwwer 500 Memberen huet an der Tëschenzäit de private Facebook-Grupp "liewen a leieren", an deem Schoulproblemer diskutéiert ginn. Gegrënnt gouf dëse Grupp viru knapp dräi Woche vun der Aurore Rössler, der Mamm vun engem Kand am Grondschoulalter.

An engem Zeitungsartikel huet si kritiséiert, datt vill Kanner an der Praxis all Owend tëschent annerhallwer an dräi Stonne mat Hausaufgabe géife verbréngen. Doraus entstanen ass eng nei Debatt iwwer d’Hausaufgabe vun de Schüler:innen.

D’Grënnerin vum private Facebook-Grupp "liewen a leieren" Aurore Rössler war iwwregens Member vun der LSAP-Parteileedung, a si war LSAP-Kandidatin bei de Chamberwalen 2018.

Déi béid LSAP-Deputéierter Francine Closener a Claire Delcourt hunn d’lescht Woch eng parlamentaresch Fro zum Theema Hausaufgabe gestallt.

Verschidden Enseignanten iwwerschreiden d'Virschrëften 

Och d’Enseignantsgewerkschaft SEW-OGBL gouf vun der Grënnerin vum neie Facebook-Grupp kontaktéiert, confirméiert d’Presidentin Joëlle Damé.

"Ech muss awer soen, datt déi Madamm, déi déi ganz Diskussioun eng Kéier lancéiert huet, och den SEW kontaktéiert huet, a mir do och ganz sensibel waren op deem Theema. Ech denken, datt déi allermeeschten Enseignanten, déi maachen dat uerdentlech, an déi ginn Aufgaben esou, wéi et fir d'Kanner och ze bewältegen ass."

D’Presidentin vum SEW-OGBL ass selwer Léierin. Am Luxemburger Wort hat d’Joëlle Damé virgëschter um Dënschdeg gesot, datt si weess, datt et och Enseignantë géife ginn, déi d’Virschrëfte bei den Hausaufgabe géifen iwwerschreiden.

Mee wéi eng Konsequenze ginn et an esou Fäll?

"Dat wier dann d'Aufgab vun de Virgesetzten, fir do eng Kéier genee hinzekucken. Also mir kréien ëmmer iwwer d'Circulaire de printemps Recommandatiounen zu den Hausaufgaben, an et gëtt och eng Direktiv, wou déi genee Zäit dra virgesinn ass. An dann huet ee jo awer en Instrument an der Hand, fir do kënnen anzegräifen, wann Eltere sech mellen a soen, eis Kand packt dat net."

Och mat den Elteren zesummeschaffen

Well et eng Reegelung vum Ministère gëtt, wier de Spillraum vum Schoulpersonal bei den Hausaufgaben also limitéiert, bestätegt d’Joëlle Damé. Woubäi et als Enseignant ëmmer ganz schwéier ofzeschätze wier, wéi laang e Kand fir verschidden Aufgabe bréicht, esou nach d'Joëlle Damé. 

"Also ech kann aus eegener Erfarung soen, datt Kanner, wann déi keng Loscht hunn, do souze mir eng Kéier eng Stonn bei enger eenzeger Tafelrechnung. Ech soe mengen Elteren ëmmer am Ufank vum Joer: Wann Dir mierkt, Äert Kand sëtzt méi wéi eng hallef Stonn un den Hausaufgaben, da mellt Iech an da kuckt een, wou kënnt et hier."

An deem Sënn wier d'Zesummenaarbecht mat den Eltere wichteg.

D'Joëlle Damé vum SEW-OGBL. | © Morgane Weidig
D'Joëlle Damé vum SEW-OGBL. (Foto: Morgane Weidig)

D'Drëps, déi d'Faass zum Iwwerlafe bréngt

De President vun der nationaler Elterevereenegung Alain Massen hat gëschter um Mëttwoch am Interview um Radio 100,7 vu Stress bei de Kanner geschwat, vun Angschtzoustänn, Panikattacken a vun Demotivatioun.

Den Alldag vun de Kanner hätt sech an de leschte Joerzéngte staark verännert, seet och d’Presidentin vum SEW-OGBL Joëlle Damé. Vill Facteure kéimen do beieneen, déi zu deem Zoustand géinge féieren. 

"Also ech géif elo net soen, datt Kanner eleng gestresst sinn a Panikattacken hunn duerch d'Hausaufgaben, mee do kënnt ganz vill beieneen. An da kann dat sinn, datt déi ze grouss Hausaufgaben dann déi Drëps sinn, déi d'Faass zum Iwwerlafe bréngt."

Widderhuelen an näischt Neies opbereeden

D’Joëlle Damé ass awer der Meenung, datt Hausaufgabe wichteg sinn a bleiwen.

"Éischtens fir den Elteren ze weisen: Wat hu mir gemaach. Fir nach eng Kéier ze verdéiwen, fir eng Kéier ze widderhuelen. An engem gesonde Mooss kënne se dozou bäidroen, dat ze festegen, wat an der Schoul geschafft ginn ass."

D'Hausaufgabe wieren also net do, fir "neie Stoff opzebereeden", mee fir ze widderhuelen. 

D’Presidentin vum SEW-OGBL a Léierin Joëlle Damé ass der Meenung, datt d’Circulaire vum Ministère mat de Reegele fir d’Hausaufgabe ganz gutt wier, a se net misst ugepasst ginn.

"Mee da muss een och op där anerer Säit soen, dass et och mol Eltere gëtt, déi no méi Hausaufgabe froen, oder déi duerno froen an der Vakanz nach Hausaufgaben ze kréien."

Do géing d'Kaz sech dann an de Schwanz bäissen, mengt d'Joëlle Damé.

play_arrow Lauschteren