Radioen

On air

Notturno  |  Richie Havens - Handouts in the Rain

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D‘Tensioune bannent der Ampelkoalitioun spëtze sech weider zou

Däitschland

D‘Tensioune bannent der Ampelkoalitioun spëtze sech weider zou

D‘Spëtzt vun der SPD weist déi wirtschaftspolitesch Proposë vum FDP-Finanzchef Christian Lindner zeréck. Dës Fuerderungen hätte keng Chance op Ëmsetzung an d‘SPD géif keng Politik ënnerstëtzten, déi déi Räich méi räich mécht an d‘Mëttelklass belaascht, heescht et vun den de Cheffe vun der SPD.

auto_stories

1 min

© picture alliance

Och Fraktiounscheffin vun de Gréngen, d‘Katharina Döge huet de Manktem un Zesummenaarbecht kritiséiert a schwätzt vun interne Konflikter, déi an der Ëffentlechkeet ausgedroe ginn. Trotz Differenze misst dës Regierung awer hir Aarbecht bis zum Schluss vun der Legislaturperiod weiderféieren, heescht et nach vun den däitsche Gréngen.

D‘Oppositioun fuerdert nach ëmmer kloer Konsequenzen: Den CSU-Chef Markus Söder plädéiert fir direkt Neiwalen a bezeechent d‘Ampelkoalitioun als handlungsonfäheg.