arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Studentefoire soll nees de Site wiesselen - Wouhin ass nach net kloer

Educatioun

|
headphones

2 min

D'Studentefoire soll nees de Site wiesselen - Wouhin ass nach net kloer

D’Studentefoire wäert d’nächst Joer net méi um Site vun Esch-Belval sinn. Dat gouf gëschter um Dënschdegowend an enger Reunioun tëschent de Vertrieder vun der ACEL an der DP-Héichschoulministesch Stéphanie Obertin decidéiert. Déi hat de Site viru ronn zwou Wochen nach verteidegt.

headphones

2 min

© Service Information études supérieures
(Foto: Service Information études supérieures)

Nieft logistesche Problemer um Campus Belval hat d’Associatioun vun de Studentencerclen och ëmmer nees kritiséiert, datt d’Stänn op der Foire sech just nach u Schüler:innen adresséieren, déi wëlle studéiere goen. An Zukunft wäert d’Foire nees méi breet opgestallt sinn, esou d’Vizepresidentin vun der ACEL Sophie Mangen am 100,7 Interview.

"De Wonsch, sech méi breet opzestellen, hate mir jo schonn ëfters geäussert, fir datt et net nëmmen eng reng Studentefoire ass, mee allgemeng eng Foire ass, wou ee kann Informatiounen iwwer d'Zukunft fannen. Ech mengen, och ee Student ass frou, mat engem futur Employé ze schwätzen, fir iwwerhaapt mol ze wëssen, wat erwaart mech och herno um Terrain, wéi ee Studium passt dann iwwerhaapt? Oder eebe wéi eng Formatioun, fir herno schaffen ze goen."

play_arrow Lauschteren

Neie Standuert nach net gewosst

An engem Aarbechtsgrupp wëllt d’Studentenassociatioun zesumme mam Héichschoulministère an den nächste Wochen en neit Konzept fir d’Studentefoire ausschaffen.

Et wéilt een och een zentrale Standuert festleeën, esou d’Vizepresidentin Sophie Mangen. Wéi ee genee dat wäert sinn, konnt si gëschter nach net soen. E Retour an d'Luxexpo wier net méiglech, well de Budget dat net géif hierginn.

Meenungswiessel bei der Ministesch?

Nach viru ronn zwou Wochen hat d'Ministesch Stéphanie Obertin d'Kritik vun der ACEL um Site Esch-Belval am 100,7-Interview zeréckgewisen. Deemools huet si argumentéiert, datt de grousse Virdeel vum Site dee wier, datt déi Jonk direkt en Androck vun engem Uni-Campus géinge kréien.