Radioen

On air

Moiesstudio  |  Serge Wilmes

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Stad Lëtzebuerg feiert den 80. Joresdag vun hirer Befreiung

Commemoratioun op der Plëss

D'Stad Lëtzebuerg feiert den 80. Joresdag vun hirer Befreiung

En Hauch vu festlecher Stëmmung op der Plëss a feierlech Rieden am Cercle: Sou huet d’Stad den Dënschdeg am Nomëtten hir Befreiung vum Nazi-Terror viru genee 80 Joer gefeiert. Iwwerdeems op der Plëss Gefierer vun deemools presentéiert goufen, hunn am Cercle d’Stater Buergermeeschtesch an de Premier den Amerikaner an den Alliéierte Merci gesot. Déi Fräiheet, déi mir haut genéissen, géife mir hinne verdanken, a mir géifen dat ni vergiessen, war den Ténor an de Riede vum Lydie Polfer a vum Luc Frieden.

auto_stories

3 min

Foto: Eric Ewald

Den Don Oliver, dee viru 4 Deeg am Grand-Duché ukoum an zënterhier bei all Zeremonie mat dobäi war, huet virum Cercle vun engem ongewinnte Gefill geschwat.

"Ech hu mäi Grousspapp net wierklech gutt kannt. Ech hunn hien nëmmen e puermol getraff. An ech hat d’Gefill, dass ech eppes verpasst hunn, well ech hien net méi dacks gesinn hunn. Et ass fantastesch. Äert Land ass wonnerbar. Et ass eng Éier an e Privileeg, hei ze sinn, a mäi Grousspapp ze vertrieden, an ech genéissen Äert Land wierklech."

Den Don Oliverplay_arrow

Säi Grousspapp hätt net vill erzielt, sou wéi d’Generatioun, déi am Krich gekämpft huet, net vill dovu geschwat hätt. “Wann ech eppes wollt gewuer ginn, hunn ech misse froen”, sot den Enkel vum Generol Oliver.

D'Feierlechkeeten um Balkon vum Cercle Cité. | © Eric Ewald
D'Feierlechkeeten um Balkon vum Cercle Cité. (Foto: Eric Ewald)

"Du hues nach ni sou gutt ausgesinn"

De Grousspapp wier e bescheidenen a scheie Mann gewiescht, an d’Foto vun him mam Prënz Felix um Balcon vum Cercle wier op der éischter Säit vun enger Lëtzebuerger Zeitung gewiescht. An der Billerzeil hätt awer den Numm vum Generol Patton gestanen. Säi Grousspapp hätt deem d’Foto du geschéckt a geschriwwen: “Du hues ni sou gutt ausgesinn”.

De schéinsten Dag vum Liewen an een Dag vun Trauer

Et wier eis Flicht, deenen ze gedenken, déi hiert Liewe gelooss hu fir d’Fräiheet, déi d’Lëtzebuerger virun 80 Joer erëmkruten, huet d’Stater Buergermeeschtesch betount. Den 10. September 1944 wier an der Stad en Dag vun onbeschreiflecher Freed an Erliichterung gewiescht.

"Wéi den 10. September bei deem Moment stralender Hierschtsonn géint 9 Auer moies déi éischt amerikanesch Panzere vun der 5. Divisioun, ënnert dem Kommando vum Generol Oliver, d’Lonkecher Strooss eropkomm sinn - dono hu mer se avenue du 10 septembre genannt -, sinn d’Leit vun alle Säite gelaf komm. Déi Dankbarkeet ass, bis haut, bei alle Lëtzebuerger bliwwen!"

Fir Leit, déi dat materlieft hunn, wier et de schéinsten Dag vum Liewe gewiescht, sot d’Lydie Polfer. Et war awer och en Dag vun Trauer, wéinst deenen, déi net méi dobäi waren. Haut wier ee frou, un déi Stonne vu Freed a Befreiung kënnen ze denken.

Luc Frieden: E remarkabelen Engagement

Och de Premier huet den Alliéierten an den Amerikaner virop Merci gesot fir eis Befreiung. D’Lëtzebuerger hätten iwwerdeems, sou de Luc Frieden, am Zweete Weltkrich ëmmer festgehalen un de Prinzipie vu Fräiheet, vun Demokratie,...:

"...vu Lëtzebuerger-sinn an net d’Bengele bei d’Tromm gehäit hunn a gesot hunn. Bon, dat gëtt souwisou näischt an all Dag stierwe Mënschen, mee si hu gesot: Mir wëlle Lëtzebuerger sinn, Lëtzebuerger bleiwen, mir wëllen eist Land erëmkréien a mir sinn net d’accord, dass en Aneren eis besetzt!"

Deen Engagement wier remarkabel gewiescht, an eise Virfahre géife mer verdanken, a Fräiheet an a Fridde kënnen ze liewen. De Premier huet nach ënnerstrach, datt Demokratie a Mënscherechter ni selbstverständlech wieren. Et misst ee sech all Dag dofir asetzen, wat d’Flicht vun der Regierung a vun den Institutioune wier, awer och déi vun de Bierger.

Lauschterenplay_arrow