Zënter e Freideg ass a Rheinland-Pfalz eng éischt sougenannt Monocam a Betrib. Déi kontrolléiert, ob een den Handy iwwer dem Fuere beim Ouer oder am Grapp huet.
E klore Constat no enger Visitt an Holland
Fir de Paul Hammelmann vun der Sécurité routière wier de Smartphone responsabel fir och méi uerg Accidenter. Seng Associatioun hätt dofir ëmmer fir "Fangeren ewech vum Handy" plädéiert. Dee wier zur Sucht ginn. D'Police kéint de Moment awer just visuell Kontrolle maachen, wat net einfach wier. Mat der Police war d'Sécurité routière d'Monocam an Holland kucken, an de Constat wier kloer, esou de Paul Hammelmann.
“Firwat solle mir et net zu Lëtzebuerg och maachen, wann deen da fiabel ass?”
D'Police confirméiert d'Visitt an Holland, an och, datt d'Apparater, déi si de Moment bei Vitesskontrollen asetzt, net uweisen, ob d'Leit iwwer dem Fueren den Telefon gebrauchen.
1.200 Verstéiss an der Testphas
De Ministère betount, datt déi national Gesetzgebung misst ugepasst ginn. Dat nodeems gepréift gouf, ob den Apparat fir Lëtzebuerg adaptéiert ass. D'Upasse wier iwwer e Règlement grand-ducal méiglech, seet de Paul Hammelmann.
Datt a Rheinland-Pfalz an der Testphas iwwer 1.200 Verstéiss festgestallt goufen, dierft bei eis net anescht sinn, mengt de President vun der Sécurité routière.
“Et brauch ee jo nëmmen, wann ee selwer am Verkéier ënnerwee ass, zur Fënster erauszekucken. Do telefonéiert bal een Drëttel vun de Leit, déi ee gesäit an déi aner zwee Drëttel wäerten iwwer eng Fräispriechanlag telefonéieren, wat jo erlaabt ass bei eis.”
Handyblëtzer geschwënn iwwerall an Däitschland?
De Paul Hammelmann betount awer, datt d'Sécurité routière generell géint d'Telefonéieren am Auto ass. Hie begréisst dofir de Wëllen, den Handy ze kontrolléieren.
“Beim Handy ass et urgentissime, datt mir et och maachen, an et ass net ëmsoss, datt se an Däitschland dat elo, ech huelen un, flächendeckend och wäerte maachen.”
Deemno sollt den Handy, well e geféierlech ass, verbuede ginn. Mee Assistenzsystemer, wéi zum Beispill dat automatescht Bremsen, sollten ënnerstëtzt ginn, well se nëtzlech sinn. An den Ae vum President vun der Sécurité routière kéint dat iwwer de Wee vu Subside geschéien.