Leschte Samschdeg hunn ech d'Bundesliga gekuckt, méi genee de Match tëscht Bayer Leverkusen a Bayern München, wéi ech um Handy d'Nouvelle vum Doud vum Philosoph Jürgen Habermas matgedeelt krut.
Den Titel vun der Neuen Zürcher Zeitung war: "Jürgen Habermas ist tot: von der Freiheit die Vernunft zu gebrauchen".
De VAR: Fortschrëtt oder net?
Ech weess net, ob den Habermas e Fussballfan war, mee mech interesséiert zënter laangem an deem Sport, wou Emotiounen a Fanatismus oft am Mëttelpunkt stinn, d'Plaz vun der Vernonft a vum rationellen Denken.
Dofir faszinéiere mech d'Diskussiounen ëm de VAR, de Video Assistant Referee, deen ech als Fortschrëtt ugesinn, well doduerch Situatioune wéi Abseits, wéi Eelefmeter, wéi Rout Kaarten, méi novollzéibar, méi korrekt, méi rationell am Sënn vu konform zum Reegelwierk ginn, och wann ëmmer nach Mënsche mat hiren Interpretatiounsspillraum um Wierk sinn.
Bezeechnend fir de Match vun e Samschdeg war iwwregens, datt déi eenzeg Feelentscheedung vum Arbitter, déi giel-rout Kaart fir de Bayern-Stiermer Luis Diaz, net annuléiert gouf, well giel-rout Kaarten eréischt vun nächster Saison u mam VAR dierfen iwwerpréift ginn.
Austausch vun Argumenter ass essenziell
De VAR sëtzt dem Fanatismus vun der Parteiergräifung fir den eegene Club eng Grenz an ass domat e Bäitrag zur Ziviliséierung vu Gewalt. Dofir ass de VAR vläicht grad der verbaler Gewalt vu Kommentatoren a vu Fans ausgesat.
Den Habermas huet natierlech dëser Vernonft vill méi e grousse Raum ginn um vill méi grousse Spillfeld vun der Demokratie. Fir dee Krich an déi Diktatur ze verhënneren, an där hien an Däitschland grouss ginn ass - den Habermas ass 1929 gebuer -, sot hien, musse mir kënnen am fräien a rationalen Austausch vun Argumenter diskutéieren.
Fräi ëffentlech Medien, Qualitéitsjournalismus an eng demokratesch Bildung sinn do zentral. Oder wéi hien et formuléiert huet:
"Ohne Raum jenseits von Macht, kapitalistischer Ökonomie und Staat, ohne herrschaftsfreien Diskurs ist eine rationale Selbstverständigung der Gesellschaft nicht möglich. Sonst wird Demokratie zur Fassade."
D'Demokratie geet futti
An engem vu senge leschten Texter mam Titel "Ein neuer Strukturwandel der Öffentlichkeit" (2022) weist hien, wéi déi digital ofgeschotte Blose vu Gläichgesënnten ouni Filter am Netz, wéi déi zouen Diskursraim vu Soziale Medien an den Hänn vu steeräichen Autokraten de Géigendeel vun deem Espace public sinn, deen am 18. Joerhonnert entstanen ass, a wéi se d'Demokratie futtimaachen.
Den Doud vum Jürgen Habermas erënnert hoffentlech all demokratesch Kräften an Europa an an der Welt drun, datt den Internet an d'Sozial Medien dringend duerch en Digital Assistant Referee komplett reforméiert an ëmfaassend reguléiert musse ginn, iert et ze spéit ass.