Et wier imminent, datt si de Kontrakt un der Spëtzt vun der Maison du Grand-Duc ënnerschreift, esou nach Reporter. D‘Sasha Baillie géif viraussichtlech vum 1. Januar d‘nächst Joer un d‘Successioun vum Paul Dühr iwwerhuelen.
D‘Sasha Baillie ass aktuell d‘Generaldirektesch vu Luxinnovation. Si géif den Ierfgroussherzog Guillaume gutt kennen, schreift Reporter, well si hien op enger Partie Wirtschaftsmissioune begleet huet.
Wéi den Etienne Schneider Wirtschaftsminister war, war d‘Sasha Baillie seng Chef de Cabinet an diplomatesch Beroderin.