Radioen

On air

Vue sur mer  |  Jackie Moontan - Grace Jones

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Majoritéit zu Hesper kritt Réckendeckung vum Inneministère

Lokal

Majoritéit zu Hesper kritt Réckendeckung vum Inneministère

Am Sträit zu Hesper tëschent Oppositioun a Schäfferot kritt déi schwaarz-blo Majoritéit Réckendeckung vum Inneministère. Am Fall vun enger rezenter disziplinarescher Prozedur géint e Beamte wieren de Schäfferot an de Gemengerot hiren Obligatiounen nokomm, esou op eis Nofro hin d’Conclusioun vum Inneministère.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Hesper | © Wikimedia Commons play_arrow
Hesper (Foto: Wikimedia Commons)

D’Oppositioun hat e Méinden an engem Schreiwes kritiséiert, datt de Schäfferot intransparent an net aktiv wier.  

Et bleiwe Froen

Gesetzlech hätt den Hesper Schäfferot awer alles richteg gemaach. Dat ass d’Conclusioun vum Inneministère an enger schrëftlecher Äntwert op eis Froen. De Schäfferot hätt de Gemengerot net missen abanne fir déi disziplinaresch Prozedur géint den Ex-Gemengebeamten ze lancéieren. Dat wier eréischt néideg, wann um Enn vun der Prozedur iwwert eng disziplinaresch Strof muss decidéiert ginn. Den Dossier wier also konform traitéiert ginn, esou den Inneministère.

De Stephen De Ron vun de Grénge begréisst, datt bei der nächster Gemengerotssëtzung soll driwwer ofgestëmmt ginn, ob d’Gemeng Hesper sech als Partie civile constituéiert, fir déi ausbezuelte Paien zeréckzekloen. Hien hannerfreet awer weiderhin, wéi den Dossier bis elo traitéiert ginn ass.

"Wat de Minister a sengem Bréif schreift, dat ass richteg. Mee mir consideréieren, datt dat eng Interpretatioun à minima ass. An do kann een och eng aner Interpretatioun hunn."

De Stephen De Ron betount, dat et ëmmer nach oppe Froe géinge ginn.

"Mir stellen awer nach ëmmer d'Fro an de Raum, firwat de 17. Januar wärend dem Gemengerot net einfach d'Decisioun och geholl ginn ass, do eng Action en justice ze lancéieren. Well, also wann een A seet, muss een och B soen. An dat huet eis zimmlech gestéiert."

Mat eppes profiléieren, wat net do war

Den CSV-Schäffe Guy Wester bedauert, wéi dës Situatioun sech entwéckelt huet. Hie kann der Oppositioun hir Kritik net novollzéien. De Schäfferot hätt alles richteg gemaach, seet hien, a weist drop hin, datt den Inneministère dat och esou géif gesinn. Senger Meenung no hätt d’Oppositioun net am Interêt vun der Gemeng gehandelt. Hien hofft, datt de Politikstil sech an den nächste Joren ännert.

De Schäfferot hätt an dëser Affär alles gemaach, wéi dat am Gesetz virgesi war. Dem Guy Wester no hätt ee bei der Oppositioun probéiert sech mat eppes ze profiléieren, wat net do wier.

Weider huet den Inneministère matgedeelt, datt eng Plainte vun der Gemeng iwwerflësseg gewiescht wier. De Commissaire à l’instruction disciplinaire hätt dat jo scho gemaach. 

Viraussiichtlech soll de 14. Mäerz am Gemengerot driwwer ofgestëmmt ginn, ob d’Gemeng sech déi Woch drop viru Geriicht als Partie civile constituéiert.

Lauschterenplay_arrow