Radioen

On air

Notturno  |  Stromkasten - Funktionalität Und Widerstand

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Police huet 2023 méi Affären traitéiert wéi dat Joer virdrun

D'Police zitt de Bilan vum leschte Joer

D'Police huet 2023 méi Affären traitéiert wéi dat Joer virdrun

D’Police huet 2023 ronn 40.300 Affären traitéiert. Dat waren iwwer 6,4 Prozent méi Fäll wéi dat Joer virdrun. Dës Zuelen hunn d’Police an de Minister Léon Gloden am Kommissariat zu Déifferdeng presentéiert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Serge Kesseler

D’Police huet 2023 generell méi Fäll vu Kriminalitéit iwwert den informatesche Wee festgestallt, grad wéi ënner anerem méi Gewalt.

Kierperlech Gewalt klëmmt

2023 goufen et iwwer 400 méi Fäll vu Coups et blessures volontaires wéi 2022. Dës Zuel louch d’lescht Joer bei ronn 3.750 Fäll. Den Zentraldirekter vun der Police administrative an zukünftege Police-Generaldirekter Pascal Peters, datt déi gewalttäteg Phenomeener an haislech Gewalt um klamme sinn.

D’Zuel vun de Police-Interventioune wéinst haislecher Gewalt louch d’lescht Joer bei iwwer 1.000.

An der Kategorie vu Klaue mat Gewalt si Jonker bis 21 Joer iwwerrepresentéiert, huet d’Police festgestallt. Do géif opfalen, datt dacks Sneaker geklaut ginn.

Massiv Rekrutementer musse weidergefouert ginn

Bei hirem Kampf géint d’Drogekriminalitéit huet d’Police 2023 iwwer 3.000 Infraktioune festgestallt. 187 Persoune goufe festgeholl, esou d’Sophie Hoffmann vun der Police Judiciaire. Haaptsächlech op der Stater Gare an am Süde vum Land

Bei der Presentatioun vun der neier Policestatistik ass de Minister Léon Gloden zur Conclusioun komm, datt mat der Kriminalitéit, déi weider klëmmt, och déi massiv Rekrutementer weider musse gefouert ginn.

Automatesch Erkennung vun Nummereschëlter soll kommen

Den CSV-Politiker huet haut och ugekënnegt, datt “an nächster Zukunft” de Gesetzprojet fir déi automatesch Erkennung vun den Nummereschëlter mat Kameraen op den Autobunne soll deposéiert ginn. Dëst kéint ee “wichtegen Outil fir d’Kriminalitéitsbekämpfung” sinn, hofft de Léon Gloden. Froe vum Dateschutz missten awer nach gekläert ginn.

Lauschterenplay_arrow