Wärend denOlympesche Spiller wäert dat Lëtzebuerger Haus déi Plaz sinn, wou déi Lëtzebuerger Kultur a seng Sportszeen ka gewise ginn. Doriwwer eraus ass op der Plaz eng Ausstellung iwwert d’Geschicht vu Lëtzebuerg bei den Olympesche Spiller.
Ni Xia Lian virun, De Nutte a Mladenovic eliminéiert
De Samschdeg den Owend huet sech vun den 3 Lëtzebuerger Dëschtennisspiller just d’Ni Xia Lian fir d’16els-Finallen am Simple qualifizéiert. Si huet sech 4:2 géint d’Tierkin Sibel Altinkaya duerchgesat. De Méindeg den Owend ass si erëm am Asaz.
D’Sarah de Nutte an de Luka Mladenovic goufen eliminéiert: D’Sarah de Nutte huet um Schluss 2:4 verluer, de Luka Mladenovic huet och trotz zum Deel gudder Géigewier 0:4 géint den Dän Jonathan Groth verluer. Haut ass kee Lëtzebuerger Sportler an der franséischer Haaptstad am Asaz.
D’Wieder huet de Programm duerjernee geheit
D’Kompetitioun am Skateboard gouf wéinst dem Reen op muer verréckelt. Haut sollt am Triathlon den Training an der Seine sinn, mee well et souvill gereent hat déi leschten Deeg wier d’Waasserqualitéit net gutt genuch. Et wier een awer zouversiichtlech, datt et méiglech wier, d’Triathlonkompetitioun den Dënschdeg an de Mëttwoch an der Seine duerchzeféieren.