Et sinn déi éischt Detailer, déi ronderëm déi ukrainesch Offensiv bekannt ginn. Moskau wier net capabel, seng eege Grenzen ze schützen an et wéilt een de Krich op russeschen Territoire deplacéieren, sou déi anonym Source. D‘Moral an der Ukrain wier duerch dës Operatioun däitlech an d‘Luucht gaangen. Déi russesch Offensiv am Oste vun der Ukrain hätt allerdéngs bis ewell net kënne geschwächt ginn.
Moskau huet de Samschdeg eng 76.000 Zivilisten aus Kursk evakuéiert an an anere Géigenden am Land ënnerbruecht. An der Nuecht op e Sonndeg koum et iwwerdeems zu enger russescher Géigenattack op Kiew, dobäi koumen zwee Zivilisten ëm d‘Liewen.