arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Hoffnunge vun de Lëtzebuerger Jugendvertrieder:inne op der COP30 a Brasilien

Optakt vu Weltklimakonferenz

|
headphones

5 min

headphones

2 min

play_arrow

D'Hoffnunge vun de Lëtzebuerger Jugendvertrieder:inne op der COP30 a Brasilien

Zu Belém a Brasilie fänkt haut um Méindeg d'Weltklimakonferenz un. Och d'Lëtzebuerger Jugend ass do vertrueden. D'Lara Bertemes an de Julien Lemmer Veloso reese mat an de brasilianeschen Amazonas. Allebéid erhoffe sech vun der COP dëst Joer konkreet Aktiounen amplaz eidel Verspriechen.

headphones

5 min

headphones

2 min

play_arrow
Lénks: Lara Bertemes an Sarah Mackel vun de Climate Youth Delegates. Rieds: Julien Lemmer Veloso vu Youth 4 Climate Action | © Paul Tabacel-Manea als Fotograf vum Y4CA
Lénks: Lara Bertemes an Sarah Mackel vun de Climate Youth Delegates. Rieds: Julien Lemmer Veloso vu Youth 4 Climate Action (Foto: Paul Tabacel-Manea als Fotograf vum Y4CA)

Op der Weltklimakonferenz zu Belém a Brasilie sinn nieft der Lëtzebuerger Delegatioun, déi als Representante vun der Europäescher Unioun mat op der COP30 (Conference of the Parties) dobäi sinn, och eng Rei jonk Vertrieder:innen mat vun der Partie.

Ënnert hinnen ass d'Lara Bertemes, als Climate Youth Delegate, dobäi. De Julien Lemmer Veloso ass vu Youth 4 Climate Action mat a Brasilie gereest. 

Youth for Climate Action

De Grupp Youth for Climate Action, dee vum Lycée Robert Schuman an d'Liewe geruff gouf, geet representativ fir déi Jonk um zivilgesellschaftleche Level mat. Nieft dem Julien Lemmer Veloso sinn nach fënnef weider Jonker tëschent 16 an 18 Joer dobäi. Si gi vun der ONG Action Solidarité Tiers Monde begleet a wäerte beim 30. Sommet am Kader vun der UN-Klimakonventioun éischter mat deenen aneren Acteuren aus der Zivilgesellschaft an den Austausch kommen. 

Ee wichtege Punkt, dee si mathuelen, ass de Standuert selwer, matten am brasilianeschen Amazonas. Belém wier einfach guer net ausgerüst fir déi Mass u Leit, déi elo am Kader vun der COP30 dohinner kommen, esou dee jonke Vertrieder.

“Et muss ee kloer differenzéieren tëschent den 100.000 Leit, wéi et zu Dubai war, wat wierklech vill ze vill ass, an elo warscheinlech ëm déi 50.000 Leit, déi op Belém kommen, wou muss gekuckt ginn, ass dat lo richteg?”

Déi virlescht COP28 am Joer 2023 war zu Dubai an de Vereenegten Arabeschen Emiraten.

Besoin ass grouss

De Besoin fir a punkto Klima ze handelen ass grouss, ënnersträicht de Julien Lemmer Veloso vu Youth 4 Climate Action. Hie verweist op d'1,5 Grad Äerderwäermungszil: International Klimaexperten zweifelen drun, datt dat kann agehale ginn.

"Et ass immens beängschtegend, wann een esou Rapporte scho liest, mee op der anerer Säit motivéiert et awer dann och, fir weiderzemaachen, well een awer seet: Et hänkt d'Liewen drun."

Klima-Delegéiert

Fir déi jonk och politesch ze representéieren, fueren och zwee jonk Klima-Delegéiert mat. Si goufe vum Jugendrot an Ëmweltministère fir dat Mandat nominéiert, begleeden d'Lëtzebuerger Delegatioun a ginn och mat a Reunioune vun den EU-Vertrieder.;innen Eng vun den Delegéiert ass déi 25 Joer al Lara Bertemes. Och si hofft, datt dës COP iwwer Verspriechen erausgeet.

"Also eis Erwaardunge sinn halt, datt dës COP bësse méi eng Aktiouns-COP gëtt, souwéi och gesot gëtt, datt méi konkreet Saachen ëmgesat solle ginn, fir déi Ziler wierklech ze erreechen, well zum Beispill an de Finanzen, do feelen nach ganz vill Suen."

Gemengt sinn domat déi 300 Milliarden Dollar fir de Klimaschutz, op déi sech d'Industrielänner zejoert gëeenegt hunn. Dat géif bei Wäitem net duergoen, seet d'Lara Bertemes.

Proposen op internationalen Dësch bréngen

Eng Erausfuerderung fir d'Jugenddelegéiert wäert et dann och sinn, d'Propose vun de Jonken hei am Land um internationale Plang ze iwwerhuelen.

"Mee ech mengen do si vill Punkten, déi ee kann direkt iwwerhuelen, zum Beispill einfach méi konkreet Aktiounen, zum Beispill si hunn och konkreet iwwer Biodiversitéit geschwat an dobäi hu si iwwer Nature-based-solutions geschwat."

Also mat der Natur ze schaffen, fir Solutiounen ze fannen, zum Beispill duerch d'Begréngung vun Haiser, esou d'Lara Bertemes.

Op der COP wäerte béid Gruppen och an den Austausch mat Jugendgruppéierungen a Jugenddelegatiounen aus anere Länner kommen.

Dramatesch Hausse

Kuerz virun der COP hunn d’Vereenten Natioune virun enger dramatescher Hausse vun der Äerderwäermung gewarnt, dat 1,5 Grad Zil kéint deemno scho bal iwwerschratt ginn. An den nächsten Deeg wäert sech elo weisen, wéi ambitiéis d'Länner sech fir de Klimaschutz engagéiere wëllen an d'Klimaziler anhalen.

D’Konsequenze vum Klimawandel betreffe virun allem och déi jonk Generatiounen. Et mécht also Sënn, datt och si op der Weltklimakonferenz vertruede sinn.

"An normalerweis ass et esou, datt mir mindestens zweemol d'Méiglechkeet kréie fir an déi Koordinatioune vun der EU mat eranzegoen, a konkreet eis Propositiounen an eis Meenung ze soen. A mir hunn direkte Kontakt natierlech mat eisen Delegatiounen."

Seet d'Lara Bertemes, an ass iwwerzeegt, datt déi jonk Delegéiert op dës Aart a Weis och villes bewierke kënnen. Am Virfeld vun der Rees op d'COP30 hu si iwwerdeems ee Cours matmaache missen.

"Deen heescht Climate Youth Negociators-Academy an do sinn och ganz vill Jonker vum globale Süden dran a mir hunn dann och en direkten Echange mat Leit vun anere Plaze vun der Welt, schonn e puer Méint virdru quasi an deem Cours. Et ass ëmmer een Echange do mat verschiddene Jonke vun iwwerall." 

Austausch mat der indigener Bevëlkerung

De Julien Lemmer Veloso vum Grupp Youth for Climate seet, datt hien an déi aner fënnef Schüler:innen sech erhoffen, virun allem och mat jonke vun der indigener Bevëlkerung an den Austausch ze kommen. 

“Well dat eppes Spezielles ass, well dës COP eeben am Amazonas ass a fir och mat deene Jonken an d'Gespréich ze kommen a ze kucken, wat ass den Ënnerscheed op deem Kontinent, a wat hu mir hei an Europa an dann och do e bëssen doriwwer schwätzen a kucke fir ze brainstormen an dat och da weider mat an eis Debaten dohannen huelen." 

Esouwuel d'Lara Bertemes wéi och de Julien Lemmer Veloso hoffen, datt op dëser COP zu Belem a Brasilie konkreet Aktioune fir méi a bessere Klimaschutz festgehale ginn an net just Versprieche gemaach ginn.

play_arrow Lauschteren