Datt déi fënnef Jugendparteien eng gemeinsam Positioun huele wier schonn aussergewéinlech, sote si op der Pressekonferenz. Mee grad beim Theema Pensiounsreform wier et wichteg, "datt mir deene Jonken eng staark Stëmm ginn", esou de Max Molitor, Co-President vun de Jonke Sozialisten.
Fënnef Haaptprinzippien
Fir d‘Jugendparteie wier kloer: Et bräicht een eng Reform fir d‘Finanzéierung vum Pensiounssystem laangfristeg ofzesécheren. Mee "eng méiglech Pensiounsreform kënne mir nëmmen dann akzeptéieren, wa se generatiounegerecht ass", esou de Co-President vun de Jonke Sozialisten.
Dofir hunn déi fënnef Jugendparteien sech op eng Rei Prinzippie gëeenegt. Dorënner: De legale Pensiounsalter vu 65 Joer däerft net gehéicht ginn; d‘Unerkennung vun de Studien- a Formatiounsjore fir d‘Pensiounsberechnung misst bleiwen; an den ëffentlechen a private Pensiouneregimm misste beienee bruecht ginn, well verschidden Avantagen am ëffentleche System ongerecht wieren, esou d‘Tammy Huberty, Co-Spriecherin vun de Jonke Gréngen.
"Dofir appelléiere mir als fënnef Jugendparteien un e politesche Courage, dass een dat an d'Hand hëlt."
Keng rout Linnen
Trotz hirer gemeinsamer Positioun hunn déi fënnef Jugendparteien zouginn, si géife beim Sujet Pensiounen nach op ville Punkten ausernee leien. D‘Prinzippien, déi si festgehalen hunn, wieren och net als rout Linne vis à vis vun hire Mammeparteien ze verstoen, hu virun allem d‘CSJ an d‘Jonk Demokrate betount.
"Ech mengen, et ass een Debat", esou de Lou Linster, President vun de Jonken Demokraten, "a wa mir elo schonn direkt soen, wann ee vun deene fënnef Prinzippien do net respektéiert gëtt, da si mir net u Bord, da brauche mir och keen Debat ze féieren."
Et misst een ofwaarden, wéi d‘Parteie sech bei der Pensiounsdebatt d‘nächst Woch an der Chamber positionéieren.
Eng Initiativ ouni d'Adrenalin
D‘Jugendpartei vun der ADR - d'Adrenalin - war iwweregens net gefrot ginn, sech där gemeinsamer Positioun vun de fënnef anere Jugendparteien iwwer d‘Pensiounen unzeschléissen. Eng Erklärung dofir huet de Max Molitor ginn.
"Ech mengen, dass mir am Moment an Zäite sinn, wou et gëllt ganz kloer Kant ze weise géint Rietsextremismus. An ech mengen, do ass et awer wichteg, a wichtegen Dossieren, wéi deen hei, ee Cordon sanitaire oprecht ze halen."