Israel ass mat staarker internationaler Kritik konfrontéiert, nodeems 5 UNO-Zaldote bei den israeeleschen Attacke géint d‘Hisbollah Miliz am Libanon getraff a blesséiert goufen.
De libanesesche Gesondheetsministère mellt iwwerdeems op d‘mannst 21 Doudeger bei enger weidere israeelescher Loft-Attack am Norde vum Libanon. E Wunngebai wier getraff ginn, a vill Affer wieren Zivilisten, esou sou déi libanesesch Autoritéiten. Israel huet sech nach net dozou geäussert.