Radioen

On air

Notturno  |  Jana Horn - After All This Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'EZB setzt d'Leetzënse weider erof

Op 2,25 Prozent

D'EZB setzt d'Leetzënse weider erof

D‘europäesch Zentralbank huet haut decidéiert, d‘Leetzënsen nach emol ëm 0,25 Prozentpunkten erof ze setzen. Dee wichtegste Leetzëns leit domat bei 2,25 Prozent. Dat huet d‘EZB de Mëtteg zu Frankfurt mat gedeelt. Et ass déi 7, Zënsbaisse zënter dem Summer lescht Joer.

auto_stories

2 min

EZB | © picture alliance/dpa | Boris Roessler
EZB (Foto: picture alliance/dpa | Boris Roessler)

Et wier eng unanime Decisioun vun den EZB-Gouverneure gewiescht, sou d’Christine Lagarde, Presidentin vun der Europäescher Zentralbank den Donneschdeg. Dee wichtegste Leetzëns, deen och d’Zënsen op Prête wäert beaflossen, läit elo nach bei 2,25 Prozent. Zënsbaissë féieren am normalen dozou, datt Kreditter méi bëlleg ginn. Banke kënnen doduerch méi gënschteg Geld bei der Zentralbank léinen.

De Réckgang vun der Inflatioun geet gutt virun, deelt d’EZB mat. Iwwerdeems rechent een awer domat, datt de Wirtschaftswuesstem ënnert dem aktuellen Handelskonflikt mat den USA leide wäert, seet d’Christine Lagarde.

Et wier dowéinst vun enormer Wichtegkeet, datt déi europäesch Wirtschaft weider Resilienz géint international Handels-Stéierungen opbaut. Eng zäitno Ëmsetzung vu Mesurë wéi der europäescher Investissiounsunioun wieren dofir essentiel. Mee och eng Erhéijung vun den Defense- an Infrastrukturausgabe géif dozou bäidroen, déi europäesch Wirtschaft ze stäerken, och wann dëst d’Inflatioun nees ukuerbele kéint. D’Presidentin vun der EZB huet ofschléissend nach eng Kéier drop opmierksam gemaach, datt d’Zäiten net previsibel wieren. D’EZB géif dowéinst weider un hirer „Meeting by Meeting“ Approche festhalen, fir ze garantéieren, datt all weider Decisioun op deenen aktuellsten Date baséiert.