Radioen

On air

Tockcity  |  Rodolphe Burger - Avalanche Feat. Pierre Alferi

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'EU wëll duerch manner Bürokratie hir Kompetitivitéit stäerken

"Kompass fir Kompetitivitéit“

D'EU wëll duerch manner Bürokratie hir Kompetitivitéit stäerken

D’Europäesch Kommissioun presentéiert ee Plang fir eng méi kompetitiv Europäesch Unioun. Ee vun den Haaptpunkten ass den Ofbau vu Bürokratie an Europa. Zil wier et ënner anerem d’Prozedure fir Autorisatiounen an Deklaratioune fir Entreprisen däitlech méi einfach ze maachen, sot d’Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen.

auto_stories

1 min

Ursula von der Leyen | © European Parliament
Ursula von der Leyen (Foto: European Parliament)

Am sou genannte "Kompass fir Kompetitivitéit" sinn eng ganz Partie Gesetzer virgesinn, déi am Laf vun den nächsten zwee Joer solle virgeluecht ginn.

Een éischte Worf soll bannent e puer Méint presentéiert ginn. Detailer iwwer dat, wat genee proposéiert gëtt, si nach keng bekannt.

“Mir hunn ee Plang, elo kënnt et drop un, e séier ëmzesetzen”, sou d’Ursula von der Leyen op enger Pressekonferenz.

D’CDU-Politikerin huet och betount, datt d’Ziler vum Plang fir de Klimaschutz déi nämmlecht bleiwen.  Et misst een awer flexibel bleiwen a pragmatesch op nei Entwécklunge reagéieren.