Radioen

On air

Notturno  |  Maehila - Call You Out

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kee russesche Gas méi duerch d'Ukrain: Osteuropäesch Länner fäerte schro Konsequenzen

Stopp vun de Gasliwwerungen

Kee russesche Gas méi duerch d'Ukrain: Osteuropäesch Länner fäerte schro Konsequenzen

D‘Liwwerunge vu russeschem Gas duerch d‘Ukrain an Europa hunn den 1. Januar definitiv opgehalen. De Kontrakt, dee béid Säiten Enn 2019 ënenschriwwen haten, an deen trotz der russescher Invasioun weidergelaf ass, ass gëschter ofgelaf.

auto_stories

1 min

© Mike Mareen/Adobe Stock
Foto: Mike Mareen/Adobe Stock

Den ukrainesche President Wolodymyr Selsnekyj sot, de Stopp vun de Gasliwwerunge wier eng vun de gréissten Néierlage fir Moskau. Betraff dovun ass bal een Drëttel vun de russesche Gasliwwerungen no Europa. Mee eng Partie osteuropäesch Länner si besuergt, dorënner Moldawien, wou den Noutstand ausgeruff gouf.

Och de slowakesche Premier Robert Fico, deem säi Land staark ofhängeg vun deene Gasliwwerungen duerch d‘Ukrain ass, huet virun engem drasteschen Impakt fir all d‘EU Länner gewarnt.