arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'EU kuckt op d’Belsch

EU-Sommet zu Bréissel

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

D'EU kuckt op d’Belsch

D’Belsch steet am Mëttelpunkt vum EU-Sommet: D’Fro vun de Garantien fir déi russesch Staats-Suen, déi an der Belsch blockéiert sinn, ass nach net gekläert. Onkloer ass, ob aner Optiounen, der Ukrain Suen ze léinen, a Fro kommen. 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Belsche Premier Bart de Wever | © European Union
Belsche Premier Bart de Wever (Foto: European Union)

D’Lat läit héich. D’Ukrain brauch bis spéitstens am Summer 2026 eng éischt Tranche Suen, am anere Fall brécht souwuel déi intern Organisatioun wéi och d’Defense vum Land zesummen. Et gëtt geschat, datt d’Ukrain op d'mannst 165 Milliarden Euro bannent de nächsten zwee Joer bräicht.

Zweetens hunn d’EU-Staats- a Regierungscheffe schonn am Oktober iwwert déi Finanzhëllef debattéiert. Ouni Succès allerdéngs.

Haaptfro: Wéi kann d’Belsch déi néideg Garantie kréien?

An der Tëschenzäit wiere vill juristesch Froe gekläert ginn, sou verschidden EU-Sourcen. Ma déi eng Fro bleift: Deemools wéi elo freet d’Belsch Garantien dofir, wann déi russesch Suen op eemol missten zeréckbezuelt ginn. 

D’Demande geet iwwert déi Zomm vun de blockéierten 185 Euro russesche Suen eraus. D’Belsch verlaangt och Garantië fir een eventuelle Schuedenersatz, dee kéint ufalen.

Dat wier den Haapt-Diskussiouns-Punkt, sou een héijen EU-Diplomat.

Lëtzebuerg huet Präferenz fir zweet Optioun

Um Dësch ass theoretesch och d’Optioun, datt d’EU selwer Scholde fir d’Ukrain mécht. Eng Léisung, fir déi Lëtzebuerg eng Präferenz hätt, déi awer ënner anerem vun Däitschland ofgeleent gëtt.

D’Decisioun doriwwer misst eestëmmeg geholl ginn. Ungarn huet scho säi Veto annoncéiert - an d’Unanimitéit ze ëmgoe gouf bis kuerz vrum Sommet allgemeng als juristesch net méiglech ugesinn. 

“Eent ass ganz kloer, mir mussen d’Decisioun, d’Ukrain fir déi nächst zwee Joer ze finanzéieren op dësem Sommet huelen”

sot gëscht d’Cheffin vun der Europäescher Kommissioun Ursula von der Leyen am Europaparlament.

Onkloer ass, wéi d’EU aus där Sakgaass erauskomme wëll.

Ob zum Beispill Iwwerganksléisungen denkbar sinn. Et wier een nach net fäerdeg domat, iwwert Optiounen nozedenken, sou eng EU-Source. Zu Bréissel gëtt probéiert, weider drun ze gleewen, datt een sech op dësem Sommet eens gi wäert.

 

 

play_arrow Lauschteren