D’EU-Kommissioun géif sech erwaarden, datt respektiv Strategien net nëmmen op europäeschem mee och um nationalen Niveau mussen ausgeschafft ginn.
Dat wier wichteg, fir besser preparéiert ze sinn, esou de Christophe Hansen.
"D’Kommissioun erwaart sech vun all eenzel Memberland eng spezifesch Strategie fir de Risikomanagement. Déi muss scho bei den Decisioune vun de Bauere mat consideréiert ginn. D’Kommissioun kann do hëllefen, an net just dann intervenéieren, wann d’Kris schonn zougeschloen huet."
D’Europäesch Agrarpolitik soll vun 2028 ëmstrukturéiert ginn. D’Europäesch Kommissioun huet dofir am Summer zejoert Proposen op den Dësch geluecht.
Virgesinn ass doran, datt all Land muss een nationale Reform- an Investitiounsplang presentéieren. D’Virschléi vun der Kommissioun goufen ënner anerem vu Lëtzebuerg kritiséiert, well gefaart gëtt, datt d’Baueren um Enn manner Subside kréie géifen.