D'Lëtzebuerger Europadeputéiert sollen dat ofleenen, fuerdert d'Plattform Meng Landwirtschaft an engem Communiqué.
Ineterêt vu groussen Agrar-Konzerner
D'Plattform warnt, datt mam zouloosse vun dësen neien Techniken deen obligatoresche Labeling vu Liewensmëttel soll ofgeschaaft ginn, fir novollzéien ze kënnen a wéi wäit d'Liewensmëttel mat neie genomeschen Technike manipuléiert goufen.
Och wier d'Zouloossung vun den neien Techniken am Interêt vun de groussen Agrar-Konzerner, wéi Bayer-Monsanto. Déi géifen hir patentéiert genmanipuléiert Produiten op de Maart drécken an d'Bierger:inne géifen d'Recht verléieren, selwer ze decidéiere wat se wëllen iessen.
Meng Landwirtschaft bedauert an hirem Schreiwes och, datt Lëtzebuerg CSV-DP-Regierung dem ëmstriddene Kompromëss tëschent EU-Kommissioun, EU-Conseil an EU-Parlament zougestëmmt huet.