"MeluXina-AI" zu Biissen ass ee vun an Tëschenzäit 13 Standuerter fir KI-Fabricken uechter d'Europäesch Unioun. Eng deementspriechend Kaart fënnt een am Entworf vum Aktiounsplang, deen der Agence Europe schonn am Virfeld vun der Presentatioun vun haut virläit.
2024 goufe scho siwe Standuerter definéiert
D'EU-Kommissioun hat schonn Enn 2024 matgedeelt, datt déi éischt siwe Standuerter fir KI-Fabricken, dorënner Biissen, definéiert gi waren. Dat am Kader vun enger Initiativ fir déi europäesch Capacitéite fir d'Entwécklung vu komplexe KI-Modeller ze stäerken. KI-Fabricken notzen Héichleeschtungs-Rechecapactéiten dofir.
D'Capacitéit fir Datenzenteren an der EU a 5 Joer verdräifachen
D'Investissementer an dës Infrastrukture sollen am Zäitraum 2021 bis 2027 10 Milliarden Euro erreechen, gesäit deen neie Plang elo vir. Allen 13 KI-Fabricke solle virun Enn 2025 funktionéieren.
Virgesinn ass och eng europäesch Cloud, fir d'Ofhängegkeet vun net-europäeschen digitale Servicer ze reduzéieren. D'Capacitéiten am Beräich Datenzenteren an der EU sollen an den nächste fënnef bis siwe Joer verdräifacht ginn.
"Eenzegaarteg Geleeënheet fir Europa"
Donieft geet et am Aktiounsplang ëm den Asaz vu Kënschtlecher Intelligenz a strategesche Secteure vun der Wirtschaft, dorënner d'Defense, d'Energie an d'Pharmaprodukter.
An de Conclusioune vum Entworf vum Plang vun der EU-Kommissioun heescht et, datt et eng eenzegaarteg Geleeënheet fir Europa wier, d'Zukunft vun der KI ze gestalten, an zu engem féierende KI-Kontinent ze ginn.