Radioen

On air

9 bis 1  |  Blossoms - Perfect Me

play_arrow Live
search

/ "D-Day": Internt Dokument suergt bei der FDP fir Opreegung

Däitschland

"D-Day": Internt Dokument suergt bei der FDP fir Opreegung

De Christian Lindner, Chef vun der däitscher FDP, wëll a sech goen a kucken, wouhinner d‘FDP steiert. Dat sot hie gëschter um Freidegowend an engem Interview mam ZDF.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Geisler-Fotopress | Bernd Elmenthaler/Geisler-Fotopr
Foto: picture alliance / Geisler-Fotopress | Bernd Elmenthaler/Geisler-Fotopr

Nom Enn vun der Ampelkoalitioun suergt een internen FDP-Pabeier fir Opreegung, an deem d‘Erausklamme vun der FDP kloer geplangt gouf. Kritiséiert ass dee Pabeier virun allem, well do vum "D-Day“ rieds geet. Wéinst deem Dokument ware gëschter um Freideg den FDP-Generalsekretär an de Bundesgeschäftsführer zréckgetrueden.

De Christian Lindner sot gëschter Owend, seng Offer géif weider stoen, datt hien d‘FDP wéilt an de Bundestagswahlkampf féieren.