De Yoon Suk Yeol hat no politesche Konflikter d'Krichsrecht ausgeruff a vu staatsfeindleche Bedrounge geschwat, et awer no e puer Stonnen nees opgehuewen, nodeems d'Parlament eestëmmeg géint d'Krichsrecht gestëmmt hat. Zu Seoul gouf et Demonstratiounen, de gréisste Gewerkschaftsbond huet e Generalstreik ugekënnegt.
International hunn eng Partie Länner hir Suergen zum Ausdrock bruecht. De japanesche Premier sot, hie géif d’Situatioun genee beobachten, de schweedesche Premier huet eng geplangte Rees op Seoul ofgesot, an den US-Ausseminister huet eng friddlech a rechtsstaatlech Léisung gefuerdert.