Radioen

On air

Moiesstudio  |  Paul Hammelmann

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D-Day Gedenkzeremonie: Rishi Sunak entschëllegt sech fir fréizäitegt Verloossen

Kritik um brittesche Premier

D-Day Gedenkzeremonie: Rishi Sunak entschëllegt sech fir fréizäitegt Verloossen

De brittesche Premier Rishi Sunak huet sech entschëllegt, well hien d‘Gedenkzeremonie fir den 80. Joresdag vum D-Day  an der Normandie verlooss hat, ier se eriwwer war.

auto_stories

1 min

Rishi Sunak | © picture alliance / Photoshot
Foto: picture alliance / Photoshot

Op de sozialen Netzwierker huet de Rishi Sunak geschriwwen, et wier e Feeler gewiescht, net méi laang a Frankräich ze bleiwen. Hie géif sech dofir entschëllegen.

D‘Nouvelle, datt de brittesche Premier d‘Zeremonie fréizäiteg verlooss huet, hat sech gëschter verbreet nodeems opgefall war, datt hien un engem Interview mam brittesche Sender deelgeholl hat.