search

/ D’Dateschutzkommissioun fokusséiert sech méi op déi Kënschtlech Intelligenz

CNPD

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

D’Dateschutzkommissioun fokusséiert sech méi op déi Kënschtlech Intelligenz

Déi national Dateschutzkommissioun huet 2025 846 Reklamatioune kritt. Datt ass am Verglach zu 2024 eng Hausse vu 40 Prozent. Dëst geet aus dem Rapport annuel vun der CNPD ervir, deen um Freideg presentéiert gouf.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
D'Tine A. Larsen | © CNPD
D'Tine A. Larsen (Foto: CNPD)

An Zukunft léich de Fokus och op der Kënschtlecher Intelligenz, déi nei Chancen an awer och Erausfuerderunge fir den Dateschutz mat sech brénge géif.

Kënschtlech Intelligenz baséiert op ëmmer méi grousse Quantitéite vun Donnéeën. Mat der Verbreedung vun dësen Technologië ginn Transparenz, Sécherheet an de Schutz vun dëse perséinlechen Donnéeën ëmmer méi wichteg, heescht et vun der CNPD.

D'Dateschutzkommissoun wëllt den Ëmgang mat KI begleeden

Fir d’Presidentin Tine A. Larsen gëtt den Dateschutz dowéinst zu enger zentraler Vertrauensfro an der digitaler Transformatioun:

“Dans ce contexte, la protection des données à caractère personnel n'est plus un sujet technique réservé aux spécialistes. Elle constitue un véritable enjeu de confiance numérique, de bon fonctionnement de nos démocraties et d'innovation responsable.”

D’CNPD gesäit sech obligéiert, den Ëmgang mat KI net nëmmen ze kontrolléieren, mee och ze begleeden. Duerch Formatiounen, Analysen an den Austausch mat Organisatioune soll eng verantwortungsvoll Notzung dovu gefërdert ginn.

Eng vun den zentrale Froe wier, wéi sech d’Rollen an den Organisatiounen duerch KI veränneren. Nieft dem Dateschutzbeoptraagten, entsteet ëmmer méi d’Funktioun vum AI-Officer.

Nei europäesch Reegele geplangt

Iwwerdeems entwéckelt d’Europäesch Unioun en neie gesetzleche Kader ronderëm déi Kënschtlech Intelligenz, Datewirtschaft an digital Sécherheet. Dës nei Reegelen ergänzen den RGPD, präziséiert d’Presidentin Tine A. Larsen

“L'entrée en application progressive de nouveaux instruments européens majeurs, je pense notamment aux textes relatifs à l'intelligence artificielle, à l'économie des données, aux services et marchés numériques, à la cybersécurité, à l'identité numérique et aux systèmes d'information à grande échelle, vient densifier un cadre juridique qui interagit désormais étroitement avec le RGPD.”

Fir d’CNPD wier et wichteg, datt bei der Weiderentwécklung vun der Digitaliséierung an der Kënschtlecher Intelligenz, Transparenz an Dateschutz vun Ufank un am Fokus stéingen.

play_arrow Lauschteren