Radioen

On air

Fiasko Fest  |  02E10 Mir scheiteren ëmmer nach: Paul Galles a Jill Crovisier

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Chorale Adesso Special preparéiert sech fir groussen Optrëtt

Poopstvisitt

D'Chorale Adesso Special preparéiert sech fir groussen Optrëtt

Wann de Poopst den Donneschdeg an der Kathedral mat de Gleewege fir eng Renconter zesummekënnt, spillt natierlech och déi passend Musek eng grouss Roll. Nieft der Maîtrise vun der Kathedral trëtt och d’Chorale Adesso Special vun Ëlwen Wilwerdang op. D’Chorale huet an de leschten Deeg a Woche fläisseg dofir geprouft.

auto_stories

1 min

headphones

5 min

play_arrow
Uergel an der Kathedral (Foto: Archiv)

Adesso Special regroupéiert Sänger:innen a Museker:innen. Speziell ass, datt d’Chorale als Kanner a Jugendchouer entstanen ass, a mat der Zäit koumen och Erwuessener dobäi. Speziell ass déi Chorale och, well d'Musek an d'Lidder zwar ee reliéise Charakter hunn, mee Keyboard, Bassgittar a Batterie begleeden d'Lidder, déi aneschters klénge wéi déi klassesch Kierchelidder. 

Zanter Méint ginn et Preparative fir de groussen Dag, erkläert d'Ingrid Scholzen Presidentin vun der Chorale Adesso. An och de Ferdi Kreins, den Dirigent vun der Chorale Adesso Special, ass geéiert fir mat dobäi ze sinn.

A fir de Chouer steet fest: D'Sangen ass och eng aner Aart a Weis spirituell ze sinn an d'Freed weiderzeginn, puer Stëmmen 

Lauschtert hei de ganze Reportageplay_arrow