arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Chamber virum, wärend an nom Zweete Weltkrich

80 Joer méi spéit

|
headphones

2 min

headphones

9 min

play_arrow

D'Chamber virum, wärend an nom Zweete Weltkrich

Den 21. Oktober 1945, also gëschter um Dënschdeg viru genee 80 Joer, waren déi éischt Chamberwalen hei am Land no der Befreiung vun den Nazien. De Fabio Spirinelli ass Responsabele vum historesche Service an der Chamber an erkläert ënner anerem, firwat net vill iwwer déi éischt Wale gewosst ass.

headphones

2 min

headphones

9 min

play_arrow
Fabio Spirinelli, Responsabele vum historesche Service am Parlament | © Chambre des Députés
Fabio Spirinelli, Responsabele vum historesche Service am Parlament (Foto: Chambre des Députés )

Den 21. Oktober 1945 waren d'Lëtzebuerger also opgeruff en éischt Nokrichsparlament ze wielen. Et ass net esou wéi wann näischt iwwert déi Wale gewosst wier, mee et weess een zum Beispill net, wéi héich d'Walbedeelegung deemools war. Doriwwer wier hien och iwwerrascht gewiescht, esou de Fabio Spirinelli. Sou vill méi spéit wier et awer ganz schwéier dat erauszefannen.

Eng éischt, reduzéiert Chamber 

Déi éischt Chamber nom Krich hat iwwerdeems 51 Memberen, also véier manner wéi virum Krich. Dat hätt dru geleeën, datt d'Unzuel vun den Deputéiert un d'Populatioun vum Land gebonne war, erkläert de Fabio Spirinelli.

"Wéinst dem Impakt vum Krich sinn natierlech och vill Leit gestuerwen, et ware vläicht och nach zum Zäitpunkt vun de Wale vill Leit net am Land, déi hunn nach missen zréckkommen. An doduerch ass u sech d'Unzuel vun den Deputéierten dann effektiv och erofgaangen."

30er: D'Chamber geréit ënner Drock 

An den 1930er Jore ass d'Chamber iwwerdeems ënner Drock geroden. Mee d'Demokratie zu Lëtzebuerg hätt d'30er awer, anescht wéi vill aner europäesch Länner, intakt iwwerstanen. 

"Wann mer elo zum Beispill déi Spezialmuechte kucken, déi d'Regierung deemools kritt huet vun der Chamber, dat war, wann een elo den Exposé des motifs kucke geet, do ass net direkt gesot ginn, dass, well mir elo an Däitschland eng nationalsozialistesch Regierung hunn, mee et ass ëmmer drop verwise ginn op déi international oder europäesch Situatioun, op Tensiounen. déi et ginn, Spannungen déi et ginn."

D'Parlament huet Enn den 30er Joren akzeptéiert, datt d'Regierung géif déi Spezialmuechte kréien. An och wann d'Parlament weiderhi geschafft, a Gesetzer gestëmmt huet, konnt d'Regierung iwwer Arrêtés Grand-Ducals Decisiounen huelen. Am Ufank hätte sech déi Spezialmuechten op d'Wirtschaft konzentréiert, mee am Laf vun der Zäit wieren se och op d'Aarbechtsrecht erweidert ginn.

Ze vill Deputéiert hu gefeelt

No der Befreiung 1944 koum d'Chamber de 6.Dezember eng éischte Kéier zesummen.

"Mee et ass eeben esou, dass esou vill Deputéiert nach gefeelt hunn, entweeder well se de Krich net iwwerstanen hunn, duerch ganz verschidde Grënn, oder well se nach deportéiert waren, zwangsëmgesidelt an nach net an d'Land zréckkomm."

Do hätt ee séier de Constat gemaach, datt een esou keng Decisioune kéint treffen. Dofir gouf et du vu Mäerz bis August eng Assemblée consultative, déi der Regierung berodend zur Säit stoung.

play_arrow Lauschteren