“Et deet eis leed, an ech entschëllege mech!”, sou huet den ILR-Direkter Luc Tapella den Dënschdeg Nomëtteg dorop reagéiert, datt en Dokument mat perséinlechen Donnéeë vu Privatleit, déi doheem eng Installatioun hunn, fir Stroum ze produzéieren, eng Zäit op der Testplattform Open Data zougänglech war.
Eng falsch intern Manipulatioun war de Grond dofir. Den “Institut luxembourgeois de régulation” huet virun deem Hannergrond de Méindeg e Bréif un déi Concernéiert geschéckt.
ILR huet d'Dateschutzautoritéit selwer kontaktéiert
Am Bréif geet dovu rieds, datt d’Plattform Open Data nëmme fir initéiert Persounen accessibel wier. Och wier de Fichier, soubal de Problem festgestallt gouf, geläscht an d’national Dateschutzkommissioun informéiert ginn. Den Institut weist am Schreiwes drop hin, datt den Tëschefall keng béiswëlleg oder extern Originn hat, d’Leit awer oppasse sollten, wa si Dokumenter vun enger Stroumentreprise geschéckt kréien.
D'Informatioune ware ronn 9 Méint disponibel
Konkret waren den Numm, de Familljennumm an d‘Adress vun enger technescher Installatioun am Internet disponibel, mee keng Kreditkaartendaten, oder soss perséinlech Daten, seet den ILR-Direkter.
Et hätt ee wëllen transparent sinn, datt dës Informatiounen disponibel waren, sou de Luc Tapella. Alles an allem ware ronn 10.000 Leit betraff, déi och all per Bréif doriwwer informéiert gi sinn.
D’Informatioune waren net just e puer Deeg zougänglech.
"Déi Donnéeë waren accessibel gewiescht vum leschte Joer, 31. Oktober aus un, bis zum 26. de leschte Mount."
Dat heescht iwwer en Zäitraum vun ëmmerhin 9 Méint.
ILR: Keng sensibel Daten disponibel
Dem Direkter vum Institut luxembourgeois de régulation no wier déi Testplattform och, theoretesch, fir jiddereen accessibel, et misst een awer wëssen, datt et se gëtt.
"Dat heescht, et sinn nëmmen déi Leit, déi och mat dem Open Data schaffen, déi wëssen, datt et déi Plattform och gëtt, an déi se eventuell benotzen."
D’Sensibilitéit vun den Date wier och net héich.
"Ech mengen, wann een déi Anlag net bei sech doheem huet, mee enzwousch anescht huet, ass et déi Adress; et ass emol net d’Adress, wou déi Persoun wunnt."
An Zukunft ginn zousätzlech Kontrolle gemaach
De Luc Tapella betount nach, datt den ILR haut schonn e puer Telefonen erakrut an e puer Mailen. Et wier den éischte Probleem an deem Sënn an der Geschicht vum Institut, an et géif een an Zukunft zousätzlech Kontrolle maachen, fir datt sou eppes net méi virkënnt.