Radioen

On air

Notturno  |  Water From Your Eyes - "Quotations"

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'ponts et chaussées bereede sech op de Wanter vir

Test-Salzstreeën

D'ponts et chaussées bereede sech op de Wanter vir

Déi ganz Woch scho bereede sech d’ponts et chaussées op d’Salzstreeë vir. Ronn 18.000 Tonne Salz ginn all Wanter op d’Staatsstroossen an d’Autobunne gestreet. Bei der Testphas, déi nach bis ugangs nächst Woch geet, ginn d’Aarbechter op hiren Asaz virbereet.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Ilana Joseph

Detailer vum Ilana Joseph

Zënter 2017 ginn et déi sougenannten "essais à sec". Kuerz virun der Wantersaison gëtt den Asaz geprouft, fir datt och jiddweree weess wat ze dinn ass, esou de Ralph di Marco vun de ponts et chaussées. Engersäits géifen dobäi nei Mataarbechter geschult an an engems géif een d‘Material testen. 

Fir 3.000 Kilometer de Wanter streeën ze kënne brauch et un 20.000 Tonne Salz op Stock. Dëst Salz ass gewéinlecht Salz dat mat 3 Prozent Steng ënnergemëscht ass. Beim Streeën aus dem Stréiwon gëtt dann awer och nach Lauch dobäi gemëscht.

"Dat ass dann, fir datt d'Grëffegkeet nach soll verstäerkt ginn, datt et op der Strooss soll peche bleiwen."

Enk Zesummenaarbecht mat Meteolux

2 mol den Dag kréien d’ponts et chaussées vu Meteolux ee Wiederbericht. Op Basis vun deem gëtt dann eng Analys opgestallt, op, wéi vill a wou gestreet soll ginn. Ma do géif et awer op wäitaus méi ukomme wéi d’Temperaturen.

"An da gëtt decidéiert, opgrond vum Nidderschlag, dat heescht entweeder Blëtzree, Schnéi oder Reen, awer och, vun den Temperaturen a wat besonnesch wichteg ass, d'Fiichtegkeet, gëtt dann decidéiert, ob eng Tournée muss gemaach ginn oder net."

Ronn 100 Aarbechter suergen de Wanter iwwer dofir, datt d’Stroossen an d’Autobunne bestreet sinn. Si si ronderëm d’Auer am Asaz.

Lauschterenplay_arrow