arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Cyclocross-WM: Zéngt Plaz fir d'Marie Schreiber, déi zefridde mat hirer Leeschtung ass

Sport

|
headphones

1 min

Cyclocross-WM: Zéngt Plaz fir d'Marie Schreiber, déi zefridde mat hirer Leeschtung ass

D’Marie Schreiber schätzt hir Leeschtung op der Cyclocross-WM als eng vun de beschte vun der Saison an. Leschte Weekend war déi 22 joer al Lëtzebuergerin um Parcours zu Hulst an Holland op déi zéngte Plaz gefuer.

headphones

1 min

Marie Schreiber | © picture alliance / frontalvision | Arne Mill
Marie Schreiber (Foto: picture alliance / frontalvision | Arne Mill)

Si wier mat dem Resultat op hirer éischter Elite-Weltmeeschterschaft deementspriechend zefridden, esou d’Marie Schreiber am 100,7 Interview.

Virun allem, well de Parcours mat Bulli, Trapen a Rampen ee vun den ustrengendsten vun der Saison gewiescht wier.

Ex-Weltmeeschtesch als nei Trainerin 

Gehollef huet der Marie Schreiber och hir nei Trainerin. Zënter dëser Saison gëtt d’Lëtzebuergerin vun der Ex-Cyclocross Weltmeeschtesch Sanne Cant trainéiert. Vun hiren Erfarungswäerter kann d’Marie Schreiber villes léieren. 

"Et si ganz vill divers Saachen, déi dat hëllefen vun der mentaler Säit e bëssen. Mee haaptsächlech och technesch, taktesch, wéi een d'Coursen ugeet, wéi e Profil mer fueren, wéi vill Loftdrock. Et si lauter Klengegkeeten am Fong, déi d'Leit vu bausse, soen ech mer, net direkt um Schierm hunn déi awer herno ganz vill Ënnerscheed kënne maachen." 

Bis den 22. Februar geet d’Marie Schreiber nach bei sechs Cyclocross-Coursen an der Belsch un den Départ. Duerno preparéiert sech d'Lëtzebuerger Cyclistin dann op d’Stroossesaison.