Radioen

On air

Moiesstudio  |  Recrutementsproblemer am Fleegesecteur

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Cybermobbing gëtt net an de Code pénal ageschriwwen

LSAP-Gesetzesprojet net zeréckbehalen

Cybermobbing gëtt net an de Code pénal ageschriwwen

Cybermobbing soll bis op Weideres net an de Lëtzebuerger Code pénal ageschriwwe ginn. D'Regierung huet eng entspriechend Gesetzespropos vun der LSAP net zeréckbehalen. Am 100,7-Interview erkläert de Stanislaw Tosza, deen op der uni.lu cyberlaw enseignéiert, datt dëst eng novollzéibar Decisioun wier.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Julian Stratenschulte

Cybermobbing wier e reelle Problem, deen et ze bekämpfe gëllt, speziell fir jonk Leit am digitale Raum ze schützen, betount de Stanislaw Tosza. Hie géif deemno d'Intentioun vun den Deputéierte verstoen. Allerdéngs wier dëse Gesetzespropos a sengen Aen net déi richteg Approche fir dogéint virzegoen, erkläert de Jurist.

"Nous avons l'infraction de l'article 422-2 qui puni le harcèlement obsessionnel et à mon avis il est suffisant, il couvre très bien le harcèlement commis dans le contexte numérique.“

Méiglech Komplikatiounen evitéieren

Den Ament géif hien also kee Grond gesinn, fir de Gesetzespropos zeréckzebehalen, esou de Stanislaw Tosza weider. Gesetzesartikelen, déi sech widderhuelen, kéinten nämlech Komplikatioune fir d'Riichtere mat sech bréngen.

"La lecture de chaque mot dans un article est très particulier pour un juge penal et si nous avons effectivement le même comportement qui est décrit 2 fois de 2 manières, ceci pose un problème parce que le juge penal va devoir chercher la différence.“

Digitale Kontext als "circonstance aggravante"?

De Jurist preziséiert, datt et an dësem Fall keen Ënnerscheed géif ginn, ausser deen, ob eng méiglech Strofdot an engem digitalen Ëmfeld geschitt ass, oder net.

Fir de Stanislaw Tosza kéint et eventuell méi zilféierend sinn, den digitale Kontext als "circonstance aggravante" zeréckzebehalen.

Den Ament kann den "harcèlement obsessionnel" mat bis zu 2 Joer Prisong bestrooft ginn.

Lauschterenplay_arrow