Radioen

On air

Notturno  |  Blake Mills - It'll All Work Out

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Corinne Cahen als nei Budgetsrapportrice: Genuch Spillraum fir héich Investissementer

Chamber

Corinne Cahen als nei Budgetsrapportrice: Genuch Spillraum fir héich Investissementer

D‘Corinne Cahen gëtt nei d‘Budgetsrapportrice Dat gouf haut offiziell um Chambersite matgedeelt. D‘DP Deputéiert gouf haut an enger Kommissiounssitzung vu Budgetskontroll a Finanzen nominéiert. 

auto_stories

1 min

Corinne Cahen | © Jo Diseviscourt
Foto: Jo Disevisourt

Si géif sech op hir nei Aufgab freeën, seet d‘Corinne Cahen am 100,7 Interview. Wéi eng Accenter si als Budgets-Rapportrice wéilt setze kéint si den Ament nach net soen. De neie Budget gëtt eréischt am Oktober deposéiert. 

Am Kontext vun den aktuellen ekonomesche Previsioune wier si awer zouversiichtlech, datt genuch Spillraum do ass, fir d‘Investissementer weider héich ze halen. Et misst een awer lo Okotber ofwaarden, wou de Budget deposéiert gëtt. Bis elo wier et jo just en Iwwergangsbudget gewiecht, erkläert d'Corinne Cahen.

Ausso vun der Corinne Cahenplay_arrow