Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Congé politique: Gëtt politescht Engagement fir Leit aus dem Privatsecteur méi einfach?

Gemengepolitik

Congé politique: Gëtt politescht Engagement fir Leit aus dem Privatsecteur méi einfach?

Fir de Patronatsverband stellt d’Erhéije vum Congé Politique eegenen Aussoen no keng Schwieregkeet duer. D'UEL gesäit eng Chance, datt méi Leit aus dem Privatsecteur sech politesch engagéieren. An de klenge Gemengen hätt ee sech méi gewënscht, wéi dat, wat annoncéiert gouf.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow

D'Regierung huet viru Kuerzem decidéiert, datt déi Responsabel vu Gemenge mat iwwer 6.000 Awunner elo kënne Vollzäit hirer politescher Aarbecht nogoen - bis elo war dat just a méi grousse Gemenge mat méi wéi 10.000 Awunner de Fall. 

Och an deene klenge Gemenge gouf de Congé Politique gehéicht. Ob dat duergeet, do ginn d'Meenungen auserneen. 

Kann ee Politik a Karriär verbannen?

Méi Stonne fräigestallt sinn, heescht och méi Stonnen op der Aarbecht feelen, an deemno wier et och méi schwéier ee politescht Gemengemandat mat enger Karriär am Privatsecteur ze verbannen. Besonnesch a klenge Gemengen, mengt de Gerard Zoller, Buergermeeschter vu Sëll, där klengster Gemeng am Land.

Hie fäert, datt et fir d'Leit, déi am Privatsecteur schaffen, schwiereg gëtt nach méi Stonne Congé ze froen.

De Patronatsverband UEL gesäit dat anescht, erkläert de President Michel Reckinger. Et hätt a géif een d'Leit ëmmer ënnerstëtzen, wa si sech politesch engagéiere wéilten. 

UEL begréisst neit Reglement

D'UEL stellt fest, datt ëmmer manner Leit aus dem Privatsecteur dat maachen, well si sech net d'Zäit huelen dofir. 

"Also wa lo en neit Reglement iwwer de Congé politique kënnt, a sech domat méi Leit beruff fir fille fir e politescht Mandat ze huelen, aus dem Privatsecteur, da kann een dat sécherlech nëmme begréissen."

4-Aen amplaz 10-Ae-Prinzip

De Gerard Zoller, selwer Patron vun engem Betrib, plädéiert bei méi klenge Gemenge fir aner Léisunge wéi just fir eng Erweiderung vum Congé politique. Beispillsweis eng Simplification administrative bei klenge Gemenge géif a sengen Ae schonn hëllefe fir déi Gemengeresponsabel ze entlaaschten.

"Zum Beispill, wa mer e Mandat ënnerschreiwen, dann ënnerschreift de Receveur, dann ënnerschreift de Sekretär, an dann ënnerschreift nach de Schäfferot. An enger Gemeng, wou dräi Schäffe sinn, hu mer da 5 Ënnerschrëften op dem Dokument, vun enger Rechnung, déi vläicht iwwer 200 Euro geet.“

Also een 10-Ae-Prinzip. De Gérard Zoller betount dobäi, datt dat "an dëser Zäit" kéint wichteg sinn. Ee 4-Ae-Prinzip géif awer senger Meenung no och duergoen.

De Gemengesyndikat Syvicol begréisst et, datt de Congé Politique fir d'Buergermeeschteren a Buergermeeschterinne gehéicht ginn, seet de President vum Syvicol, den Emile Eicher op eis Nofro hin. Grad bei deene klenge Gemengen hätt ee sech awer bësse méi erhofft.

Lauschterenplay_arrow