Ausname si just a verschiddene Fäll méiglech, zum Beispill fir dréngend Aarbechten oder Reparaturen an de Schoulen oder an de Betriber.
Zuele vun der Inspection du Travail et des Mines (ITM) no si bis elo 212 Demande fir eng Derogatioun agereecht ginn. Dovu goufen der 147 accordéiert an 13 refuséiert.
Kontrollen zesumme mat Police an Douane
Och dëse Summer wäert d'ITM nees Kontrollen op de Chantieren duerchféieren. Dobäi schafft si mat der Police an der Douane zesummen.
Entreprisen, déi ouni déi néideg Autorisatioun wärend dem Congé collectif schaffen, riskéieren, datt hir Chantieren direkt gestoppt ginn.