Konkret kritt de Staat domat offiziell e Matsproocherecht bei der Gestioun vum TICE. Am Verwaltungsrot sollen an Zukunft néng Vertrieder vum Staat an néng Vertrieder vun de Gemenge sëtzen.
De President vum neie Syndikat soll ëmmer vum Staat gestallt ginn, de Vizepresident vun de Gemengen. Och de Budget an Decisiounen, déi Auswierkungen op d'Finanzen hunn, stinn ënner enger méi staarker staatlecher Kontroll.
Aarbechtskonditioune solle bäibehale ginn
D'Regierung begrënnt dat domat, datt de Staat mëttlerweil de gréissten Deel vun de Käschte vum TICE finanzéiert.
Den neie Syndikat iwwerhëlt de Busbetrib, d'Personal an d'Verméige vum haitegen TICE. D'Personal soll dobäi seng Rechter an Aarbechtskonditioune behalen. Fir d'Passagéier soll sech duerch dës Reform un der Busoffer selwer näischt änneren.
Hannergrond ass, datt de Staat de Busbetrib am Süde schonn zanter Jore finanziell ëmmer méi staark ënnerstëtzt. Zënter datt den ëffentlechen Transport gratis ass an de Mobilitéitsplang e weideren Ausbau vum Busnetz virgesäit, géifen d'Gemengen déi finanziell Belaaschtung eleng net méi kënnen droen, heescht et am Exposé des motifs.
Déi néng Membergemengen haten dem Projet schonn am Juli zejoert zougestëmmt.