Radioen

On air

Notturno  |  Skibi - Ogar

play_arrow Live
search

/ Rezent Aussoen zur Rentereform: CGFP wëllt "onmëssverständlech reagéieren"

Rentereform

Rezent Aussoen zur Rentereform: CGFP wëllt "onmëssverständlech reagéieren"

D'Staatsbeamtegewerkschaft wëllt um Méindegowend zu Dummeldeng "onmëssverständlech kloer" op rezent Aussoen a Saache Rentesystem reagéieren. Dat huet de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft Romain Wolff am Virfeld vun der Conférence des Comités élargie vun haut ugekënnegt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Morgane Weidig play_arrow

D'Staatsbeamtegewerkschaft geséich elo ëmmer méi däitlech, wat d'Regierung mat der ganzer Rentereform-Diskussioun wéilt erreechen, esou de Romain Wolff op Facebook, nom RTL-Debat d'lescht Woch tëschent dem CSV-Fraktiounschef Marc Spautz an dem LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo. Een Theema dobäi war ee méiglechen Eenheetsregimm fir déi Beschäftegt aus dem Privatsecteur an aus dem ëffentlechen Déngscht.

"Bedruch um Wieler"

Wéinst de Reserve vu 27 Milliarden Euro géif et kee Grond ginn, "oniwwerluecht an iwwerstierzt" ze handelen, hat d'CGFP schonn no hirer "Rentrée sociale" Ufank Oktober matgedeelt. Enn Oktober hat de Romain Wolff am 100,7-Interview kritiséiert, datt virun de Chamberwale weder CSV nach DP eppes iwwer eng Rentendiskussioun gesot haten.

"An datt et duerno einfach zum Topptheema gouf, dat ass Bedruch um Wieler."

Just de Privatsecteur?

Bei der aktueller Rentendebatt soll et just ëm de Privatsecteur goen, dat hat den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz viru sechs Wochen am 100,7-Interview däitlech gemaach.

Et wier awer méiglech, no enger Reform, eenzel Elementer och fir den ëffentleche Secteur ze iwwerhuelen, hat de Marc Spautz preziséiert.

Op d'Fro ugeschwat, ëm wéi eng Secteuren et bei enger eventueller Reform soll goen, hat de Premier Luc Frieden (CSV) Mëtt November am 100,7-Interview erkläert, datt een de Regime général diskutéiert. Déi zwee Regimme géifen dobäi awer esou no unenee leien, datt et zu Iwwerschneidunge kënnt.

"Vermeintlech Renteproblematik"

Amplaz d'Land a seng Bierger:inne permanent mat enger "vermeintlecher Renteproblematik" ze veronsécheren, hätt d'Regierung besser sech ëm déi grouss Erausfuerderungen ze këmmeren, hat et viru gutt engem Mount vun der CGFP geheescht. Genannt goufen d'Wunnengskris, d'Steierreform, d'Gesondheetswiesen an de Klimawandel.

Lauschterenplay_arrow