arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Co-Bedreiwerin vum Bar dierf Schwäiz net verloossen a muss Pass ofginn

Schwäiz

|
headphones

1 min

Co-Bedreiwerin vum Bar dierf Schwäiz net verloossen a muss Pass ofginn

Dat zoustännegt Geriicht an der Schwäiz huet géint d'Co-Proprietärin vum Bar, an deem et an der Silvesternuecht zu engem déidleche Brand komm ass, Oploen entscheed. Si dierf d'Schwäiz net verloossen, si huet hire Pass missen ofginn a muss sech all Dag bei der Police weisen.

headphones

1 min

Honnerte Leit hu sech versammelt fir den Affer vun deem schwéiere Brand an der Bar “Le Constellation” ze gedenken.  | © EPA/ALESSANDRO DELLA VALLE
Honnerte Leit hu sech versammelt fir den Affer vun deem schwéiere Brand an der Bar “Le Constellation” ze gedenken. (Foto: EPA/ALESSANDRO DELLA VALLE)

Iwwerdeems muss si eng Kautioun bezuelen. Wéi héich déi ass misst awer nach decidéiert ginn, heescht et.

Hire Mann, de Co-Besëtzer ass den Ament an Untersuchungshaft, kéint awer erëm op fräie Fouss kommen, wann hien déi néideg Garantie géif hannerleeën, esou d‘Geriicht. Et ass net kloer wat domat genee gemengt ass.

D‘Koppel kritt ënnert anerem homicide par négligence an incendie par négligence virgehäit.

Beim Brand an der Bar zu Crans Montana si 40 Leit gestuerwen – dorënner virun allem Jonker. 116 goufe blesséiert, déi meescht hu schwéier Verbrennungen.