Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ City Breakfast: Verbesserungsvirschléi fir de Garer Quartier - 120 Joer ale Bam muss fort

Stad Lëtzebuerg

City Breakfast: Verbesserungsvirschléi fir de Garer Quartier - 120 Joer ale Bam muss fort

D'Stad Lëtzebuerg schafft weider u Verbesserunge fir de Garer Quartier. Dat mat engem Fokus op méi Sécherheet, Animatiounen an enger méi grousser Attraktivitéit fir d‘Commercen an d‘Awunner. Iwwerdeems war et d'Annonce, datt een 120 Joer ale Bam ewechgeholl muss ginn.

auto_stories

1 min

Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg

Et wieren nei Moossname fir de Garer Quartier geplangt, dorënner Animatiounsprojeten a Publicitéit fir gratis Parkingen. Och Reamenagementer vum ëffentleche Raum an eng Reduktioun vum Duerchgangsverkéier wieren an der Maach.

E spezielle Plan d'Action, deen op enger net representativer Ëmfro baséiert mat Awunner a Geschäftsleit, soll am Fréijoer 2025 virgestallt ginn.

Zil ass et der Buergermeeschtesch no, de Quartier méi sécher a lieweg ze gestalten.

Bam muss aus Sécherheetsgrënn fort

Da war et am City Breakfast nach d’Info, datt an der Porte Neuve een iwwer 120 Joer ale Bam aus Sécherheetsgrënn ewechgeholl muss ginn. De Bam ass u sengem Stamm vu Champignonen infizéiert a net méi stabil. Dozou den éischte Stater Schäffe Maurice Bauer.

"Wa mir eppes net wëllen, dat wier datt de Bam op ee Foussgänger géif falen. Vu datt mir eis engagéiert hunn, 30.000 Beem ze planzen, si mir natierlech net frou, wa mir esou e schéinen ale Bam mussen ewechhuelen."

D'Sécherheet vun der Bierger:innen hätt awer Prioritéit, esou de Maurice Bauer.