D'Martine Hansen hat net mat Kritik u Bréissel gespuert zejoert, wéi si als Lëtzebuerger Landwirtschaftsministerin ugetrueden ass. D'EU-Institutioun wier wäit ewech vum Terrain, esou d'CSV- Ministerin deemools.
Hansen iwwer Hansen: "Ech sinn iwwerzeegt, datt deen dat kann”
Elo ass si méi optimistesch. Si wier iwwerzeegt dovun, datt sech ënner engem EU-Kommissär Christophe Hansen eppes dorun ännere kann, seet d'CSV-Politikerin iwwer hire Cousin.
"Mir kommen allen zwee aus dem landwirtschaftleche Milieu. Hie lauschtert och op d'Leit an ech si fest dovunner iwwerzeegt, datt mer do zesummen un engem Strang zéien, fir d'Landwirtschaft ze ënnerstëtzen."
Direkt um Ufank kéint et spannend gi fir de Christophe Hansen als Member vun där neier Kommissioun. Well ee vun den éischten Dossieren, mat deenen de Lëtzebuerger op d'mannst deelweis als Agrar-Kommissär ze dinn huet, dat ass dee vum ëmstriddene Reglement iwwer d'Deforestatioun.
EVP: Gesetz ass ee "bürokratescht Monster"
De Lëtzebuerger nach-EU-Deputéierte kennt deen Dossier ganz gutt - hie war de Rapporteur am Europaparlament an ass houfreg drop, datt hien et fäerdeg bruecht hat, eng Majoritéit vu verschiddene Borde fir déi nei Reegelen ze gewannen.
Just datt elo seng eege Partei, d'Europäesch Vollekspartei net méi hanner deem Gesetz steet - dat soll garantéieren, datt importéiert Produiten net aus Géigende stamen, wou virdru Beem gehaen goufen.
D'Beweislaascht léich och bei den europäesche Produzenten - an déi wier ze grouss, d'Gesetz wier ee "bürokratescht Monster" kritiséiert d'EVP, déi et zwar mat gestëmmt huet, elo awer dogéint ass, datt et séier a Kraaft trëtt.
"EU-Kommissioun hätt scho misse liwweren"
Och d'Kommissioun selwer géing den Dossier schleefe loossen, esou d’Kritik vun deem, dee méiglecherweis selwer wäert geschwënn mat dofir responsabel sinn. Bréissel géif wichteg Dokumenter, déi d'Entreprisë bei der Ëmsetzung guidéiere sollen, net liwweren, esou de Christophe Hansen déi lescht Woch an eisem Interview.
"Dat heescht am Moment liewen d'Betriber an enger Insecuritéit. Si wëssen net genau, wat kënnt. Dat Dokument hätt scho missen dobausse sinn, ass awer elo wéinst de Walen net erauskomm. Dat heescht, et wäert, mee do muss ee sech natierlech dermat auserneesetzen, elo ëmmer méi schwéier ginn, wat dat Dokument méi laang zeréckgehale gëtt, fir et nach dëst Joer ze finaliséieren."
Och den däitschen Agrarminister Cem Özdemir huet en Dënschdeg den Appell un d'Kommissioun geriicht, aktiv ze ginn.
"Die Erkentnnislage ist so eindeutig, dass es nach gerade absurd ist, dass die Kommission ein richtiges Anliegen droht an die Wand zu fahren, wenn sie jetzt nicht schnell agiert."
Verschidde Länner fuerderen, den Delai ze verleeën
Däitschland setzt sech dernieft genee wéi Éisträich, Polen, Ungarn an anerer dofir an, datt d'Gesetz net soll wéi virgesinn den éischte Januar 2025 a Kraaft trieden, mee datt deen Delai no hanne verluecht gëtt.
Lëtzebuerg kéint och mat op dee Wee goen, sot e Méindeg d'Agrarministerin Martine Hansen
“Den Ëmweltminister wäert dat warscheinlech och mat ënnerstëtzen, datt mer dat no hanne verréckelen. Mir waarden awer elo mol op d'Decisioun oder d'Annonce vun der Ursula von der Leyen.”
EU-Kommissioun weist Reprochen zeréck
Wat awer genee vun do ze erwaarden ass, ass net kloer. De Reproche d'Saach an d'Längt ze zéien, huet de Spriecher vun der Kommissioun en Dënschdeg zeréckgewisen
“La Commission a été extrêmement active dans les préparations et que nous avons travaillé très intensivément pour permettre à tout le monde de se préparer.”
Wat och nach feelt, ass ee Klassement vun de Länner a verschidde Risiko-Kategorien, dat festleet, wéi ee sech an Zukunft verhale muss. Och hei ass net kloer, wéini dat kënnt.
De Christophe Hansen confirméiert, dat och hei d'Kommissioun um Hiewel setzt.
“D'Kommissioun ass um Hiewel, ech awer nach net. Do musse mer fir d'éischt mol déi Etappe packen, déi virdru kommen.”
Nach ass de Christophe Hansen net Agrar-Kommissär, zoustänneg fir den Dossier ass offiziell d'EU-Kommissärin fir d'Ëmwelt - allerdéngs steet de Sujet reegelméisseg an den Diskussioune mat den EU-Agrarministeren um Ordre du jour.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.