arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Chineesesch Importtaxe suergen och zu Lëtzebuerg fir Drock um Mëllechmarché

Importtaxen

|
headphones

2 min

Chineesesch Importtaxe suergen och zu Lëtzebuerg fir Drock um Mëllechmarché

Och all Lëtzebuerger Mëllechbauere kréien déi nei chineesesch Importtaxen op europäesche Mëllechprodukter indirekt ze spieren, esou de Guy Feyder, de Vizepresident vu Luxlait am 100,7-Interview.

headphones

2 min

Mëllech | © Bigstock / Nikodim
Mëllech (Foto: Bigstock / Nikodim)

Am Handelskonflikt mat der EU huet China provisoresch Importtaxen decidéiert, déi zënter dem Dënschdeg a Kraaft sinn.

Wat bedeit dat fir Lëtzebuerg? 

Lëtzebuerg produzéiert vill méi Mëllech, wéi der hei am Land verbraucht gëtt: E groussen Deel muss also iwwer déi dräi Nopeschlänner exportéiert ginn, esou de Guy Feyder.

Op esou engem Marché wier et deemno evident, datt et duerch déi nei chineesesch Taxe Repercussiounen och op Lëtzebuerg géife ginn.

"Et sinn Exporter, déi net méi a China kënne goen, well d’Wueren ze deier ginn dohannen. Déi Abnehmer, déi siche sech dann aner Fournisseuren an d’Europäer bleiwen op deene Mengen ebe sëtzen. An dat erzeugt eben op deem Marché unique, dee mir jo hunn, Drock um Mëllechmarché. An dat dediéiert sech natierlech 1:1 och op de Lëtzebuerger Maart."

Deemno wieren och all Mëllechproduzenten hei am Land betraff vun deem, wat China elo am Handelssträit mat der Europäescher Unioun decidéiert huet, esou de Mëllechbauer a Vize-President vun der Luxlait.

"Indirekt jo, net direkt, well et geet kaum Mëllech direkt vu Lëtzebuerg op esou international Marchéen. Mee via Däitschland (...) oder d’Belsch, déi Mëllechpolver maachen a Kéis notamment – ech hu gelies, datt et de Kéis a Jughurte betrëfft. All déi Mëllech, déi op esou Marchéë muss ënnerbruecht ginn, déi geet elo net méi a China."

Grouss Suerg bei de Baueren

Eng Auswierkung dovu kéint sinn, datt d’Mëllechpräisser an Europa géifen erofgoen. Nach kéint een awer net soe wéi schlëmm den Impakt vun den neie provisoresche chineeseschen Importtaxe vun tëschent ronn 22 Prozent a ronn 43 Prozent op verschidden europäesch Mëllechprodukter wäerte ginn.

"Mee China ass ee groussen Abnehmer vu Mëllech, déi ze vill ass um europäesche Marché. Et ass eng Illusioun ze mengen, dat géif een elo net spieren. Dat ass ganz sécher net de Fall."

De Guy Feyder bedauert, datt et an Handelskonflikter all Kéier d’Landwirtschaft wier, déi “de Schlag misst opfänken”.

Bei de Bauere géife sech dowéinst grouss Suerge gemaach ginn, esou de Mëllechbauer, deen och den zweete Vize-President vun der Bauerenzentral ass.