arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ China verduebelt d‘Douanestaxen op Importer vu Mëllechproduiten aus der EU

Handel

|
headphones

1 min

China verduebelt d‘Douanestaxen op Importer vu Mëllechproduiten aus der EU

Vun haut Dënschdeg  u klammen d'Taxen op importéiert Mëllechproduiten aus der EU vu ronn 22 Prozent op ronn 43 Prozent. Dat huet de chineeseschen Handelsminister gëschter um Méindeg annoncéiert.

headphones

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Déi Taxe wiere fir den Ament provisoresch. Ob se permanent bleiwen, soll am Januar decidéiert ginn.

E Spriecher vun der EU-Kommissioun sot, d‘europäesch Mëllechindustrie géif haart dovu getraff ginn.

China: Onfair Situatioun wéinst EU-Subventiounen

Peking rechtfertegt d‘Taxen duerch eng Enquête, déi weise géif, datt d'Mëllechindustrie an der EU vun héije staatlech Subventioune profitéiere géif, déi eng onfair Konkurrenz fir chineesesch Produite wieren.

Aus änleche Grënn hat d‘EU zejoert héich Douanestaxen op chineesesch E-Autoen ageféiert.