arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Chaos-Joer an der franséischer Politik

Réckbléck

|
headphones

2 min

Chaos-Joer an der franséischer Politik

Déi franséisch Politik war dëst Joer virun allem vun eppes gepräägt: Dem Chaos. Mësstrauensvott, Demissiounen, nei Allianzen, eng entscheedend Decisioun bei der Pensiounsreform an elo vläicht esouguer endlech e Budget. Eise Paräisser Korrespondent Max Tholl bléckt fir eis op 2025 zeréck.

headphones

2 min

© EPA/YOAN VALAT
(Foto: EPA/YOAN VALAT)

De François Bayrou start als frëschernannten Premier an d’Joer a muss dem héichverschëlte Land e Budget ginn. Ouni Majoritéit an ënner Drock notzt hien dofir den ëmstriddenen Artikel 49.3 a forcéiert de Budget ouni Vott duerch d’Parlament.

Bayrou scheitert un der Pensiounsreform 

Mee, den nächste Budget muss scho kuerz duerno preparéiert ginn an e Kompromëss schéngt hei nach méi schwéier ze fannen. De Bayrou versprécht oppe Gespréicher ouni Tabu - och net bei der ëmstriddener Pensiounsreform.

De Premier léisst awer wéineg Verhandlungsspillraum a muss am September d’Vertrauensfro stellen. Am Parlament verteidegt hien dës Mesure a gëtt kuerz duerno mat grousser Majoritéit ofgewielt.

Nom Lecornu ass virum Lecornu

En neie Premier ass séier fonnt: Den Arméisminister Sébastien Lecornu gëtt Premier. Hie wëllt eng Majoritéit fir de Budget fannen, e knappe Mount no senger Nominatioun schéngt dat ëmmer méi schwéier.

Een Dag nodeem d’Regierungsekipp presentéiert gëtt, demissionéiert de Lecornu iwwerraschend.

De Chaos schéngt um Héichpunkt ukomm ze sinn, de President Macron versprécht séier Kloerheet ze schafen. No Gespréicher mat de Parteien dann d’Annonce: Et ass de Récktrëtt vum Récktrëtt. De Sébastien Lecornu ass nees Premier. Dës Kéier awer mat méi Verhandlungsspillraum.

En oppenen Ausgang

Fir sech d’Ënnerstëtzung vun de Sozialisten ze sécheren ass d’Regierung no bal 3 Joer voller Streik a Protest bereet, d’Pensiounsreform ze suspendéieren an op den Asaz vum 49.3 ze verzichten.

D’Rechnung schéngt opzegoen: Den éischten Deel vum Budget packt et duerch d’Parlament. Eng Loi spéciale verhënnert e Shutdown, mee schonn an e puer Deeg geet d’Sich no Kompromësser beim Budget weider - Ausgang oppen.