Radioen

On air

9 bis 1  |  Stephen Ellen Starar - Happiness (Dance Floor Edit) - The 1975

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Changementer op iwwer 100 Linnen: Neien Horaire vun den RGTR-Bussen

RGTR

Changementer op iwwer 100 Linnen: Neien Horaire vun den RGTR-Bussen

Gëschter um Sonndeg gouf deen neien Tronçon vum Tram tëschent Bouneweg an dem Stadion ageweit. Parallel dozou huet den RGTR Busreseau seng Trajeten ugepasst, fir den Uschloss un déi nei Statioune Stadion an Gare Houwald ze verbesseren.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

RGTR Bus | © Wikimedia Commons play_arrow

Am Ganze ginn et uechtert d’Land Changementer op engen 100 Linnen, huet den RGTR-Busreseau matgedeelt. 

Tramsstatiounen an de Reseau integréiert

Virun allem awer sollen d’Passagéier een optimiséierten Uschloss un den Tram kréien. Dat wier och esou virgesi gewiescht fir um Houwald d’Verbindungen ze erméiglechen, betount den Helge Drostewitz, Direkter vu Luxtram.

"Dat heescht, datt d‘Statiounen derbäi kommen, a virun allem d'Tramsstatioun Gare Houwald gouf bis elo nach net zerwéiert, dat heescht déi Statioune goufen elo an déi meeschte Buslinnen integréiert. Esou datt déi Linnen hiren Terminus behalen, mee se fueren zousätzlech bei de Pôle d‘échange Houwald."

Um Houwald op der Gare ass de Bus, den Zuch an den Tram elo operationell, an net wäit ewech ass nach ee Park and ride, dee fir d’Passagéier eng weider Transportkombinatioun ubitt.

Nach ze vill Iwwerschneidungen an der Stad

De Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmit begréisst déi Changementer vum RGTR-Busreseau a wëllt awer an den nächste Wochen a Méint och Changementer ufroe fir den RGTR an de Stater Busservice AVL besser anzesetzen.

"Well mir awer och gesinn, datt et vill Linne ginn, déi Doublone sinn tëschent dem RGTR an dem Stater AVL, wou der vill net wëssen, datt se a béid dierfen eraklammen. An déi verbesseren net wierklech d‘Verkéierssituatioun. Dofir ass elo scho gutt, wa verschidde Linnen elo adaptéiert ginn, mee et muss een eng Kéier an den nächste Méint oder Joren eng Kéier zesummekomme fir de Gesamt-Reseau eng Kéier op de Leescht ze huelen."

D’Gemeng Hesper, déi jo lo och den Tram huet, wëllt am Hierscht eng grouss Consultatioun lancéieren, esou den Hesper Mobilitéitsschäffe Claude Lamberty

"Mir wäerten an der Gemeng Hesper am Hierscht oder Wanter eng grouss Consultatioun maache bei den Awunner fir ze kucken, wat sinn d‘Erfarungen an d‘Demanden. Dat hänkt jo och dovunner of, wou een an der Gemeng wunnt, a wéi séier kënnt ee bei den Tram. Dat ass jo d‘Zil fir esou séier wéi méiglech dohinner ze kommen, awer net nëmmen iwwer de Bus, och iwwer de Vëlo."

Am Norden an der Nordstad ginn et och besser Verbindungen tëschent Ettelbréck an Dikrech, grad wéi tëschent Colmer-Bierg, Bissen a Fridhaff.

Virgesi sinn nach ëmmer Buslinne fir d’Industriezonen, déi Linne ginn awer elo och op fir de Grand-Public. All Informatioune ginn et iwwer Mobilitéit.lu

Lauschterenplay_arrow